40 Joer Féier vun den Ardenner Frënn Bungeref

Hei een Auszuch aus dem Chantal Hemmer senger Usproch op 40 Joer bestoen vun den Ardenner Frënn Bungeref .

Am Joer 1971 ass “Fédération luxembourgeoise de marche populaire” gegrënnt ginn. Nëmmen dréi Joer dono, den 22 Oktober 1974, ass du schonn den Club gegrënnt ginn, an am Januar 1975 och der Federatioun bäigetrueden. Originen vum Numm “Ardenner Frënn Bungeref” kommen vum Spuerveräin Bungeref, deen sengersäits am Joer 1938 gegrënnt gouf.

En vun deenen éischten Grënner wär den Hemmer Jempy. Hien wär een Mann mat einfachem Charakter, virbildlech a sengem Asaz fir séin Veräin. Souguer wéi den Jempy am Rollstull souz an schlëmm krank war, huet hien sech nach op seng sou geléiften Märche déplacéiert! Een Mann, deen et verdéngt huet an beschter Erënnerung ze bleiwen.

Mir wëllen och un eis Memberen an Wanderer denken, déi eisem Veräin gehollef hunn, sief et als Wanderer mat hiren sëllechen Kilometeren, sief et an der Organisatioun oder an all aner erdenklecher Form vun Hëllef. Nett ze vergiessen den fréieren Buergermeeschter vun der Gemeng Rammerich, den Ferd Unsen. Mat him hu mer een Frënd verluer, een Frënd, deen eisen Club ëmmer ënnerstëtz huet.

Aktuell kommen mir op eng Moyenne vun 10 bis 20 Wanderer, déi Sonndes fir Sonndes eisen Club béi deenen rezenten Märsch representéieren, an dat esou gutt hei zu Lëtzebuerg wéi och am Ausland. Ganz besonnesch stolz sinn mer op eis aktuell méi wéi 90 Lizenzen an mir kennen mat Stolz behaapten: Eis Zukunft ass geséchert !

Zum Schluss wëllen mer eis och bedanken bei der Gemeng Rammerich fir all hier Hëllef. Och nach een Merci un all déi Leit, déi am Laf vun deenen Joeren eisen Veräin ënnerstëtzt hunn, sief et mat engem Don, enger Annonce, oder an all aner Form vun erdenklecher Hëllef. Och hinnen een groussen Merci !