Zweet Treffen vun den Nokommen Moonen-Offermanns

Biereng/Miersch, den 30. Juni 2024

Op Initiative vum Marianne Moonen a Jos Goessens hunn sech Enkelkanner vum Moonen Guillaume an Offermanns Catherine zesummen mat hire Partner no 2016 fir zweete Kéier zesumme fonnt. Geféiert gouf an dem bekannte Hotel/Restaurant "A Guddesch " zu Biereng. No dem gudden Iessen sinn e sellechen Anekdoten a Geschichten erzielt ginn, awer och un déi an der Tëschenzäit verstuerwen ass dobai geduecht ginn. Mat dem Verspriechen, sech vun lo un méi dacks ze treffen, ass dësen schéinen Nomëtteg zu Enn gaangen.