Préizerdaul: Och no 175 Joer Bestouen, beweist di Préizerdauler Musik nach ëmmer, dat si mat voller Kraaft hirt musikalischt Können Bäschtens ënner Beweis könne stellen. Gut gefëllt war di schéi gerëscht Sportshaal, wou „d’Philharmonie Préizerdaul“ engem begeeschtertem Publikum e flotten Galaconcert konnten offréieren. Hiren dynamischen Dirigent Christoph Terver hat e gefälligen Programm fir desen 23. Galaowend zesummegestallt, den beim dankbaren Publikum och mat vill Applaus honoréiert gouf. Zum Optakt vum éischten Deel, den vun der Moderatorin vum Owend, Laura Weis ugekënnegt gouf , koum eng ganz Reih vun gefälligen Musikstécker vu bekannten oder manner bekannten Arrangeuren oder Komponisten zur Opféiereung. Dobéi waren: „Music for Happines“, An Irish Ayre for Winds“, „The Rock“, „petite Fleur “ (Solistin: Jeanne Bormann), „Keep it out“, „Benitenor „ (Solistin Sandra Muller), „ Oregon“ bis hin zum Sparkling Drums (Solist : Félix Müller). Wärend dem Concert huet den Fernand Müller, President vum Organisatiounscomité, di nei Broschür, 175 Joer Préizerdauler Musik kuurz virgestallt, déi souwuel Online, wi och a Form vun engem klenge Buch, nei eraus komm ass. No senge Wierder vu Merci un all Bedeeligten, déi zum Erfolleg vun desem Musikjubiläum bäigedroen hun , war et no den vum Publikum gefuederten Zugaben, un der Vizepresidentin Carine Zuang, dat denen villen Musikfrënn, der Gemeng, dem Dirigent, alle Musiker, Sponsoren an Donnateuren mat de Leit am Service am Numm vun der Préizerdauler Musik mat hirem Comité, villmols Merci gesoot huet, an jiderrengem nach e puer gemittlicher Momenter a gudder Gesellschaft gewënscht huet. (CR ) (Foto: Charles Reiser)