Préizerdaul: D’Nohaaltegkeetskommissioun aus dem Préizerdaul an Zesummenarbecht mat der Gemeng hun och dest Joer, wi versprach un der flotter Traditioun festgehaal, fir denen am Joer 2024 neigebuerenen Kanner aus der Gemeng, e Bam ze planzen. Fir di 16 Kanner mat hiren Elteren an och zum Deel Grousselteren, war et dunn och eng Freed bei der Planzaktioun vun engem Nëssert, mëtten am Duerf derbéi ze sin. No de Wëllkommensgréiss a Wieder vu merci vum Buergermeeschter Marc Gergen, war et um President Misch Loes, fir op de Sënn an Zweck vun dëser Aktioun anzegoen. Hien huet och schon op di kommend Aktioun higewissen, wou d’Schoulkanner zesummen mam Fieschter am Bësch eng Reih vun neie Beem planze wärten. No deser zweeter Bamplanzaktioun, ass zesummen beim Patt mat engem klenge Maufel ugestouss gin. Jidderee krut och e klenge Kaddo als Merci zum Ofschloss vun desem Event, iwerreecht. (CR) (Foto: Charles Reiser)