Fréijoersconcert vu VoicEmotion , en Erliefnis


Bieckerich: D’Chorale VoicEmotion huet de Publikum zu Biekerech dëst Joer mat zwee Concerten, den 3. an de 4. Mee verzaubert. D’Concerte vu VoicEmotion sinn en Erliefnis. Vun der éischter Nout un, hunn déi ronn 30 Sängerinnen a Sänger mat hirer Dirigentin Madeline Boonen, de Publikum an hire Bann gezunn. Direkt mam éischte Lidd, engem kenianesche Vollekslidd, dat sech lues opgebaut huet an ëmmer méi dynamesch ginn ass, goufen d’Spectateuren a Stëmmung versat. E vu villen Highlighte vum Owend war, wéi d’Dirigentin, no der Paus, mam Vëlo eragefuer komm ass fir “Bicycle Race” vu Queen virzestellen. Et waren awer och méi roueg Lidder um Programm. Fir en echten Héngerhaut-Moment huet ënner anerem d’Lidd “Ich seh dich” vu Maybebob gesuergt. A fir dem Motto vum Concert “Letz sing” gerecht ze ginn, stoungen och Lëtzebuerger Lidder um Programm. D’Texter sinn nieft der Bün projezéiert ginn an d’Spectateuren hunn sech net fléiwe gelooss fir matzesangen. Een Eremgesinn an -Héieren gëtt et am Fréijoer 2026. Foto: Charel Reiser