Märr erënneren eis on de Resistenzler Hw. Théodore LESCH

1997 hat d'Lëtzebuerger Resistenz fir d'alleréischte Kéier hir "Journée nationale de la Résistance" gefeiert, déi no enger Decisioun vom "Conseil national de la Résistance" von do on all Joer sech widderhuele sollt, an dat op deem Dag, op deem soss déi sougenannt "Hinzerter Mass" gefeiert gouf. Dëst Joer hat d’Amicale LPL op dem 26. Mee e Commemoratiounsdag fir de Paschtouer Théodore Lesch zu Ueschdref ofgehalen.

No enger Begréissungsusprooch vom President von der Amicale LPL, dem Här Marc Fischbach, gouf um Gebuertshaus von dësem couragéierte Mann eng Erënnerungsplack obrocht. Dono hot den Nico Hamen, Member an der Amicale LPL de Liewenswee vom Paschtouer Lesch beschriwwen. Hien hat seng Spueren zu Ueschdref, Uewerwoltz, Wäicherdang, Schengen a spéider als Dechen zu Veianen hannerlooss.

An der schéin dekoréierter Kierch hot den Här Abbé Patrick Muller eng feierlech Mass gehalen. Et war Dräifaltegkeetssonndeg an och Kiermessonndeg am Duerf, an d’Chorale ënnert der Leedung von der Mme. Susy Mayer hott mat hirem schéine Gesank hiert derzou bäigedroen. No der Mass hott de President von der Chamber, den Här Claude Wiseler d’Resistenz am zweete Weltkrich aus der Siicht von hogt dorgeloocht an iewer och op d’Wichtegkeet von der Erënnerung on esou Perséinlechkeete wéi de Paschtouer Lesch higewisen. D’Buergermeeschtesch, d’Mme. Myriam Binck hot Merci gesot fir déi Feier an hot och der Mme. Maisy Ginter- Bonnichaux, eng Iwwerliewend aus dem RAD fir hiren honnertste Gebuertsdag gratuléiert. Mam Néierleeë vo Bloumen beim Denkmal fir d’Krichsaffer nieft der Kierch, gouf doriwwer eraus ower och on all déi Doudeg von der Resistenz erënnert, déi an de Kazetter oder an de Prisongen an Ëmsiidlungslager hiert Liewe fir d'Heemecht hierginn honn. Nom gemeinsame Sange von der Heemecht hot d’Gemeng Rammerech e Patt offréiert an déi vill Leit déi derbäi woren konnten nach e Bësse poteren.

Photoen: Abbes Kirchen Text: Nico Hamen