Zwee engagéiert Matbierger vun Ohn hunn op Allerseelen zwou Fotoe vu Fréier am Agangsberäich vum Centre Culturel zou Ohn ausgestellt. E gutt ausgewielten Dag , well op dem Dag Griewer zou Ohn geseent gi sinn, a vill Leit de Wee op Ohn fonnt haten. Di zwee Aussteller haten sech Méi gemaach an Nimm vun de Leit op de Fotoen erausgesicht an dobäi geschriwwen. Sou konnte vill Interesséierter hir Anen an Uranen zeréckerkennen. Des kleng bescheiden Ausstellung woar och organiséiert gi mam Hannergedanken, dass weider Fotoe vu Fréier vun Ohn optauchen an engem méi grousse Publikum zougänglech gemaach ginn. Bei engem Pättche Wäi si vill Erënnerungen opgefrëscht ginn.