1monthfree

E mouvementéiert Joer beim Syndicat d'Initiative Manternach

Vill Leit waren der Aluedung op Generalversammlung vum Syndicat d’Initiative vu Manternach an de Centre Culturel Fiischen gefollegt. Den dynamesche President Josy Fisch konnt bei senger Begréissung de Buergermeeschter vun der Gemeen Manternach Jempi Hoffmann, Schäffen Claude Theisen an Alix Klein- Ungeheuer souwéi Conseillère Stephanie Gretsch a Vertrieder vun den Nopeschverschéinerungsveräiner a weider Vertrieder vu Veräiner aus der Gemeng begréissen. De Josy Fisch huet du gemengt, dass no 33 Joer Presidentschaft am Verschéinerungsveräin Manternach, et elo un der Zäit wär engem Jonke Plaz ze maachen, mee wann da Leit bäikommen, dee richteg wëlle matschaffen, kann en net esou einfach ophalen. Et huet dunn all senge Kolleeginnen a Kolleegen souwéi deen Fräiwëllegen, e grousse Merci ausgedréckt, dee ëmmer dobäi sinn, wann Aarbechten ufalen an eng Hand matupacken. Och e grousse Merci goung un Gemeng Manternach, un den Tourismus-Ministère an un Sponsoren fir hir finanziell Ennerstetzung. Op den traditionelle Wäin Manternacher Fiels muss dëst Joer leider verzicht ginn, well duerch de Frascht a Krankheeten eng Drauwelies net méiglech war. Op den trageschen Accident, am vergaangenen Oktober wou e Wanderer op der Traumschleife Manternach säi Liewen huet misse loossen ass de President agaang, wou awer kee Verscheelen vum Veräi virleit. Et war dunn Charge vun der Sekretärin Kaysen Marlène fir de gutt gefëllten Tätegkeetsbericht virzedroen. Ganz zu Ufank huet si och den trageschen Accident bedauert. Aus Sécherheetsgrënn bleift dat Stéck vun der Traumschleife bis op Weideres gespaart an duerno muss Bréck iwwert Schlambaach ganz nei opgeriicht ginn. De Comité koum lescht Joer 8 Mol zesummen. Am Mount Februar ass eng nei Jeep an e Raupendumper ugeschafft ginn. Den 1. Mäerz war Grouss Botz an der Gemeng ugesot, an den 11. Mäerz hu Vertrieder aus dem Comité un enger Informatiounsversammlung fir neit Asbl-Gesetz deelgeholl. E weideren Highlight am März woar de Cabaret vun Tris2pattesmat vill Erfolleg. Un enger Wanderung den 14. Abrëll organiséiert vum IVV op dräi verschidde Strecken op der Traumschleife hunn 800 Leit deelgeholl an den SIT vu Manternach huet sech mat engem Gedrénksstand bedeelegt. Bei der Feier fir den 1. Mee a beim autofräien Familljendag souwéi de Wanderdag am Dezember war den SIT Manternach vertrueden. Den 20. Juni ass dat neit Material ageweiht a duerch den Här Deche vu Greiwemoacher Claude Bach geseent ginn. Bei där Geleeënheet konnt den SIT e Scheck vun 3000.- € un Associatioun Tri2pattes iwerrechen. Ganz stolz kann de Veräin sinn, well Traumschleife Manternach ass nei zertifizéiert gi mat 96 vun 100 Punkten a beleet elo di véiert Plaz vun 114 zertifizéierten Traumschleifen. Als Ofschloss konnt Sekretärin nach matdeelen, dass 500 Stonnen am Bësch Aarbechten un der Traumschleife geleescht gi sinn an de Veräin fir de Moment 136 Memberen zielt. Tresorière Monique Picard konnt den Uwiesenden eng gesond Finanzlag matdeelen. Cotisatioun fir Membere bleift bei 15.- € Joer. Als Ausbléck op dat neit Joer stinn zwou Feieren an Haus an zwar 40 Joer SIT Manternach an 10 Jor Traumschleife, déi gebührend gefeiert ginn souwéi Bedeelegung un all Aktivitéiten organiséiert vun der Gemeng Manternach. De Buergermeeschter vun der Gemeng Manternach Jempi Hoffmann huet dem Veräin e grousse Merci ausgesprach fir di vill Aarbecht, déi si gemaach hunn. Bei engem klenge Maufel an engem Pättchen ass nach bis spéit an Nuecht gepoddert ginn.