1monthfree

Generalversammlung vun der Amicale Natzweiler-Struthof

Amicale Natzweiler-Struthof,

Generalversammlung

Viru Kuerzem huet d’Amicale Natzweiler-Struthof hir Generalversammlung am Parc-Hotel zu Dummeldeng ofgehalen.

D’Amicale des Anciens Prisonniers et des Familles de Disparus de Natzweiler.Struthof ass 1966 zu Uesweiler ënnert dem éischte President Robert Krieps gegrënnt ginn. Zenter hier setzt si sech derfir an, dat d’Nimm vun den Affer vum Naziterror an hir Schicksaler net vergiess ginn, a fir der Jugend ze weise, wat aus extreme Gedankegutt entstoe kann.

An der Generalversammlung, huet de President Pierre Huss e groussen Deel vun de Membere kenne begréissen, a war erfreet fir och e puer nei Membere kenne wëllkomm ze heeschen.

De Sekretär Lex Huss huet déi verschidden Aktivitéite vun 2024 opgezielt: den 19. Mee war eng Gedenkfeier zu Défferdeng wou un déi 7 Lëtzebuerger Jongen erënnert ginn ass déi deen Dag 1944 zu Natzweiler erschoss gi sënn. Hir Aeschen sënn nom Krich zu Déifferdeng um Kierfecht bäigesat ginn.

Niewent der Gedenkrees vun 2 Deeg am September op Natzweiler war d’Amicale bei ville Gedenkfeieren am Laf vum Joer vertrueden. E puer Leit aus dem Conseil d’Administration waren den 23. November, op Aluedung vum Elysée, op d’Feierlechkeete vum 80 jährigen Entdecke vum KZ duerch déi amerikanesch Arméi invitéiert. Déi ergräifend Feierlechkeeten, a Präsenz vum President Macron, hu bei jidderengem e bleiwenden Androck hannerlooss.

Vertrieder vun der Amicale waren ausserdeem a verschidde Lycéeën fir de Schüler mat engem interessante, multimediale Virtrag en Abléck an d‘Geschicht an an d'Fonctionéiere vum Kz ze ginn.

De President huet dem Conseil d’Administration, de Porte-drapeau’en an all de Leit déi bei deene verschiddenen Aktivitéiten derbäi waren e grousse merci gesot fir di gutt Zesummenaarbecht.

D’Keessière, Françoise Flesch konnt iwwert eng gesond Keess berichten. Am Numm vun de Keesserevisore J.P. Pletsch an Fr. Theis. huet de Jerry Huss der Mme. Flesch décharge ginn.

D’KZ Natzweiler-Struthof am Elsass, war eent vun deene mäerdereschste Lager vum NS-System. 52000 Deportéiert waren do ënner onmënschleche Konditiounen internéiert. 418 Lëtzebuerger, gréisstendeels Resistenzler waren ënnert de Gefaangenen, 88 vun hinnen hunn dat net iwerlieft. Fir dat déi schrecklech Zäit net vergiess gëtt, organiséiert d’Amicale all Joer am Hierscht eng Gedenkrees op Natzweiler. All interesséiert Leit sënn häerzlech wëllkomm fir bei dëser Rees vun 2 Deeg matzefueren. De Conseil d’Administration besteet aus 8 Leit: Pierre Huss (President); Gaston Schütz (Vizepresident); Lex Huss (Sekretär); Françoise Flesch (Keessière) an d’Memberen: Juliette Petry-Huss, Jean-Jacques Siedler, Nico Thill a Paul Welter.