Gedenkrees an d'KZ Natzweiler-Struthof


Gedenkrees an d’KZ Natzweiler-Struthof

De 14. a 15. September huet d’Amicale Natzweiler-Struthof vu Lëtzebuerg eng Rees an dat fréiert KZ Natzweiler-Struthof an d’Vogese gemaach. Dëst KZ war dat eenzegt op franséischem Bueden a gëtt all Joer vun 200.000 Leit besicht.

Dëst Joer ware mat der Amicale och Vertrieder vun der LPL (Lëtzebuerger Patriote-Liga), vun der LPPD (Ligue des Prisonniers et Déportés Politiques), der ALMGI (Amicale des Mutilés de Guerre et Invalides) mat hire Fändelen derbäi. De Lëtzebuerger Ambassadeur beim Conseil d’Europe war och bei de Gedenkzeremonien um Struthof derbäi. Directrice vum ONaCVG (Office national des combattants et des victimes de guerre) vu Paräis an den Direkter vum CERD (Centre Européen du Résistant déporté) hunn sech et och net huele gelooss fir eis ze begleeden.

No der Begréissung duerch de President vun der Amicale hunn all Organisatioune Blummen néiergeluecht, dëst uewen am Lager an der Kiselkaul, do wou den 19. Mee 1944 7 Lëtzebuerger Jongen erschoss gi sënn. Si ware bei der franséischer Grenz, wou se als Passeur aktiv waren, der Gestapo an d’Hänn gefall a sënn op Natzweiler transportéiert ginn fir do vun den Nazi-Barbaren ermuert ze ginn.

Duerno sënn nach eng Kéier Blummen an der Äeschekaul ënnen am Lager néiergeluecht ginn. Nom Ofspille vun der Sonnerie aux Morts an der Heemecht duerch 2 Leit vun der Militärmusek war dunn déi offiziell Feier eriwwer. De President vun der Amicale huet duerno bei engem Rondgang ganz interessant Erklärunge vum Opbau a vum Liewen an deem Lager ginn.

Mee firwat war dat Lager do an de Vogesen? Nazien haten op dëser Plaz, um Mont Louise, rosae Granit fonnt deen se wollten ofbaue fir dem Hitler säi Wahn-Bauprojekt “Germania” zu Berlin ze realiséieren. Am Mee 1941 ass e Lager opgeriicht gin wou Krichsgefaangener, ënner onmënschleche Konditiounen, dee Granit hu missen ofbauen. No an no ass aus dem Lager e Vernichtungslager ginn. 52.000 Deportéiert hunn um Struthof an a sengen Niewelageren d‘Hell op der Äerd erlieft. Méi wéi 20.000 vun hinnen hunn net iwwerlieft. Natzweiler-Struthof war en Inferno, wou et fir vill Deportéiert kee Liewe ginn ass, mee en Dohinsiechen vum Liewen an den Dout.

D’Amicale Natzweiler-Struthof mécht all Joer eng Rees dohi fir all deenen, a besonnesch de 418 Lëtzebuerger, déi do gelidden hunn a vun deenen der 88 net méi Heem komm sinn, ze gedenken. Et bleift ze hoffen, datt an deenen nächste Joren sech nach ëmmer genuch Leit fanne fir mat der Amicale zesummen déi léierräich Gedenkrees an dëst fréiert KZ ze maachen. Et ass a bleift néideg dat wat do geschitt ass net ze vergiessen an domat der Mënschheet, a virun allem der Jugend, virun Aen ze hale wat aus extreme Gedankegut entstoe kann.