Musek Gemeng Dippech verkeeft Ouschtereeër fir de gudden Zweck
D’Musek Gemeng Dippech organiséiert dëst Joer hir 1. Ouschtereeër-Aktioun. Dëst besonnescht Evenement erméiglecht et de Leit, Ouschtereeër ze kafen an domat gläichzäiteg e gudden Zweck z’ënnerstëtzen. En Deel vun de Recette gëtt nämlech un den Télévie gespent, fir d’Fuerschung géint de Kriibs ze ënnerstëtzen.
D’Verkafscampagne leeft an deene nächste Wochen, an d’Awunner aus der Gemeng an doriwwer eraus kënne mat hirem Kaf en Deel zu dëser nobeler Initiativ bäidroen. D’Musek Gemeng Dippech hofft op eng grouss Ënnerstëtzung vun der Bevëlkerung, fir esou e maximum un Donen fir den Télévie ze sammelen.
Fir méi Informatiounen oder fir eng Bestellung opzeginn, kann ee sech direkt bei der Musek Gemeng Dippech informéieren.
Mir soen Iech elo schonn e grousse Merci fir Är Ënnerstëtzung!