1monthfree

Fanfare Schuller-Sprénkeng gett Musek Gemeng Dippech

Fanfare Schuller-Sprénkeng huet an hirer rezenter Generalversammlung bedeitend Ännerunge beschloss, déi d'Zukunft vum Veräin markéieren. Eng vun den Haaptentscheedungen war d'Embënnung vum Veräin, deen vun elo un wäert den Numm Musek Gemeng Dippech hun. Dësen neie Numm ennerstraicht Verbonnenheet mat der ganzer Gemeng an stäerkt och den Zesummenhalt.

Zousätzlech goufen nei Statuten eestëmmeg ugeholl, fir Gestioun an Organisatioun vum Veräin ze moderniséieren. De Comité gouf erweidert an setzt sech elo zesummen aus: Maryse Karier, Lucienne Marx-Kalmes, Nicky Wilhelm-Kraus, Guy Simon, Pit Wegener, Raoul Wilhelm an Savas Koroglanoglou.

D'Versammlung war och d'Geleeënheet, verdéngte Memberen ze éieren. D'Rose Jost-Carneiro gouf fir 30 Joer Member an der Ugda geéiert. Zousätzlech krut de Camille Jost den Titel als Eieremusikant.

Voll motivéiert start Musek Gemeng Dippech elo an déi nei Saison a freet sech drop, déi nächst Concerten ze preparéieren.

Weitere Neuigkeiten von Musek Gemeng Dippech >