Squash Factory Schengen-Lëtzebuerg - Damemeeschter 2023/24

Squash Factory Schengen-Lëtzebuerg triumphéiert erëm an der Damemeeschterschaft 2023/24

Trotz der onerwaarter Ënnerbriechung vun der Damemeeschterschaft an der Saison 2022/23, déi no nëmmen zwee Matcher vum Verband ouni plausibel Begrënnung ofgesot gouf, hun d'Damme vun der Squash Factory Schengen-Lëtzebuerg den 5. Juni 2024 erëm den nationale Meeschtertitel geséchert. Mat enger iwwerzeegender 3:0-Victoire géint d'Spillerinnen vum SC Sandweiler hu si hir aussergewéinlech Leeschtung an der Saison 2021/22 gekréint an hiren Erfolleg an der Saison 2023/24 mat enger weiderer 3:0-Victoire fortgesat.

D'Decisioun vum Verband, d'Meeschterschaft 2022/23 no nëmmen zwee gespillte Matcher ofzesoen an de Versuch, de Veräin am Summer 2023 auszeschléissen, war onzweiwelbar entäuschend. Trotzdem hu d'Spillerinnen vun der Squash Factory Schengen-Lëtzebuerg gewisen, datt si och ënner ongewéinlechen Ëmstänn hirt Bescht kënne gin. Hir kloer 3:0-Victoire géint d'Spillerinnen vum SC Sandweiler weist hir Entschlossenheet an hir Fäegkeet, ënner Drock ze glänzen.

D'Equipe vun der Squash Factory Schengen-Lëtzebuerg huet schon an der Saison 2021/22 hiren Usproch op den Titel däitlech gemaach a setzt mat dësem erneiten Erfolleg e beandrockend Zeeche vun hirer Dominanz am lëtzebuergesche Squash. Dësen Erfolleg huet zu engem Double gefouert, well d'Team vu Schengen den 11. Mee 2024 schon d'Pokalmeeschterschaft gewonnen huet. Dest ass e Novum an der Gemeng Schengen, datt e Veräin zwee Titelen an enger Saison hëlt.

E grousse Merci geet un all d'Spillerinnen, déi zu dëser Leeschtung bäigedroen hunn: Alex Kotkolik, Lea Recktenwald, Maike Altmeyer, Marie-Amélie Callebaut, Nadia Pfister, Nelly Kellner an Saskia Beinhard. Hiert Engagement an hir Passioun hunn dësen Erfolleg méiglech gemaach an d'Squash Factory Schengen-Lëtzebuerg un d'Spëtzt vum nationale Squash Sport gefouert.