Abschiedsfeier fir d'Katechetin Fernande Alen an di zwéin Pateren Camille Ferber an Albert Huberty

Iwer 20 Joer stongen d'Religiounsjoffer Fernande Alen an di zwéi Pateren Camille Ferber an Albert Huberty am Dingst vun de Pâren Sëll, Gräisch an Tënten. Am Verlaf vun der Danksagungsmass déi vum Paschtouer Joël Santer an der Pârkirech vu Sëll zelebréiert a gesanglich vum Sëller Gesangveräin verschéinert gouf, ass de Kircherotspräsident Gérard Zoller op d'Liewen an d'Wierken vun deene zwéin Geschtlechen agaangen. Am Cortège, ugefouert vun de Sëller Pompjéeen a mat der Musek as et dun an de Festsaal gaangen wou d'Gemeng Sëll zum offiziellen Empfank agelueden hat. Zesumme mat de Gemengevertrieder vu Sëll, Béiwen/ Atert, Tënten a Simmer , dem Dechen Félix Steichen mam Paschtouer Joël Santer an dem Präsident vum Pârverband Hëlpert, Carlo Mulbach, huet de Buergermëschter Raoul Clausse dat kirchlicht Wierken vun den zwéin Pateren Camille Ferber an Albert Huberty mat der Katechetin Fernande Alen an dene verschiddene Gemengen a Pâren nach ee Mol besonnesch erfirgestrach. Als Dank an Unerkennung sin die dräi an Zwëschenzäit pensionéiert Geeschtlech an d'Madame Alen jeweils mat engem Cado vun hiren respektiven Gemengen geéiert gin. ( Foto: Michèle Scheitler an Text: Charles Reiser)
Méi heivunner ass an de nächsten Deeg am L. Wort ze liesen.