Happy Birthday fir 28 Jubilaren am Home pour personnes agées St Joseph Miersch



Miersch: Eng Gebuertsdagsfeier soll ëmmer mat Freed verbonne sin, an och a gudder Erënnerung bleiwen. Dat huet bei der véierter Feier fir dest Joer am „Home St Joseph Miersch“ zu honnert Prozent zougetraff. Et war einfach formidabel wi Direktioun zesummen mat de Leit vum „Club R“ a Pensionnären während e puer Stonnen sech ganz gut amuséiert hun. De Willy als Entertainer hat mat sengem gewinnten Humor och fir bëscht Stëmmung am schéi gerëschte Saal gesuergt. Och d’Gemengevertrieder vu Bissen, Colmer- Bierg, Hëlperknapp a Miersch, vertrueden duerch, Bea Horsmanans- Kabers, Isabelle Wickler, Jean- Claude Mathekowitsch a Willy Vullers waren mat vun der flotter Party. Houffrig war den Direkter Nicky Wintringer mat sengen Responsabelen vum Haus, Sandrina Alves a Paul Laurent mat der Schwëster Paule Detampel fir allen 28 Jubilaren, déi zëschent dem 19. Juli an dem 24. Oktober Gebuertsdag feieren konnten, di allerbëscht Gléckwënsch ze iwerbrëngen an hinnen all zesummen mam Team eng Rous zum Éierendag ze schenken. Natirlich huet de grousse Gebuertsdagskuch mat engem Glas Crémant och nit bei desem schéinen Event gefeelt. Folgend Jubilaren koumen zu Éieren: Ernest Faber (77 Joer), Anitta Mossong (80), Marie- Anne Kraus- Peschon, Elisabeth Schmit- Mertz an Marie- Berthe Lentz- Molitor (85), Virginie Kasel- Ury (86), Catherine Berens- Guelff, Anna Hildgen- Campill an Nicolas Ahles (87), Josephine Unsen- Thull, Agnès Feltes an Josée Frieseisen-Hennico (88), Antonia Philippe- Wealer an Elfriede Pomes- Hertz (89), Cécile Heinen- Schmitz, Marcel Feltus an Johanna Horsmans- Naalden (90), Alice Schmitz- Nimax (91), Catherine Jungers- Bour, Maria Pletschette, Costantino Coppi an Triny Fallis- Meyers (92), Sr. Pierre- Marie Schmit, Aline Lux-Redlinger an Catherine Kayser- Walin (94), Léonie Gengler-Schraml an Franziska Berens (95), Camille Royer (100 Joer). (CR (Foto: Charles Reiser)