6. diözeesanen Ausfluchsdag fir Massendénger


De Massendénger-Ausfluch war dëst Joer de 05.10.2024 zu Rëmeleng am Musée des mines.
Vu datt dëse Sonndeg do Kiermes ass, hu mir deen Dag och dacks dem Hämmelsmarsch héieren. Mir wënschen de Rëmelenger Leit eng schéi Kiermes.
Moies ware mir iwwerierdesch, mëttes ënnerierdesch: Elo wësse mir vill vum Eisenäerzofbau zu Lëtzebuerg tëscht 1898 an 1963.
Bei der Statu vun der helleger Barbara si mir och vill iwwer hiert Liewen, de Bärbelendag an hir Firsprooch fir d‘Minnenaarbechter gewuer ginn.
D’helleg Barbara huet hiert Liewe fir hire Glawe ginn. Helleg Bärbel, biet fir eis.


https://photos.app.goo.gl/RB1KarV1F1Armkdx9

https://web.cathol.lu/article11482


Fotoen: Arendt-Schuster Josiane, Gudenburg Jacqueline, Konsbrück Tanja, Scho-Pizzaferri Sonja


(Haaptfoto: Gudenburg Jacqueline)