Op engem kale Sonndeg, de 17. Januar 2025, hu sech iwwer 30 Massendéngerinnen a Massendénger vun eise Roumpilger sou wéi och déi Ekippememberen vun der Ekipp Lëtzebuerger Massendénger, déi mat op Roum waren, nach eng Kéier fir e Notreffe vun der schéiner Rees getraff.
An der nei renovéierter Glacis-Kapell konnte mir zesumme mat eisem Äerzbëschof Jean-Claude Kardinol Hollerich SJ, den äis als CIM-Präsident och zu Roum schonn déi ganz Rees iwwer begleet hat, a mam Rektor vun der Glacis-Kapell, eisem Generalvikar Chanoine Patrick Muller, d´Sonndesmass zur Éier vun der Tréischterin am Leed feieren. Um Ufank vum marianesche Jubiläumsjoer an eiser Diözees a vum Hellege Joer huet eisen Här Äerzbëschof de Massendénger a Massendéngerinne Merci gesot a si fir hiren Déngscht encouragéiert.
Zum Schluss vun der Mass hu mir och eisem Nationalaumônier, dem Abbé Jempi Reiners, e grousse Merci fir seng Aarbecht als Roum-Guide a Bus-Responsabel gesot an him eng Kopie vun der Tréischterin iwwerreecht.
E grousse Merci och eisem Organist, dem Charel Rosselet, an eise Kantoren, dem Generalvikar Patrick Muller an dem Marc Loewen, de no sengem Solo op der Péiteschplaz am August nach eng Kéier d´Mottolidd vun der Roumwallfaart mat äis gesongen huet.
Nodeems mir äis geeschtlech an der Mass gestäerkt hunn, huet de Rektor vun der Glacis-Kapell, de Generalvikar Patrick Muller, eng flott Erklärung vun der Kapell ginn, déi jo och ganz enk mat der Geschicht vun der Oktav an och eiser Diözees verbonnen ass.
Mee ganz wichteg bei all Pilgerrees ass och d´Gemeinschaft an dat gemittlecht Zesummesinn. A sou hu mir och beim Notreffen bei engem ganz flotten Owesiessen am Restaurant Porta Nova bei enger gudder Pasta schéin Erënnerungen un déi flott Pilgerrees op Roum ausgetosch a konnten och déi al a nei Frëndschafte verdéiwen. E ganz schéinen Ofschloss vun eiser Roumrees!
www.cathol.lu/massendenger