Réiden/Atert: No 14 Joer huet d’Simone Schmartz, dat bekannt Dammekleedergeschäft, bekannt duerch Anny Wirth by Sim, am Kantonalhauptort Réiden/Atert mat vill Erfolleg gefouert, fir dann die wuelverdingte Pensioun ze genéissen. Bei der Ouverture vum neien flott renovéierten Dammekleedergeschäft, dat elo vum Joy Linden ënnert dem Numm Anny Wirth by Joy weidergefuert gëtt, war de Schëffen Jeff Lisarelli zesummen mam Monique Kuffer als Konseillier mat enger gut gefëllter Coupe mat schéine Blummen an dat neit Geschäft komm, fir der neier symphatischer Inhaberin am Numm vun der Gemeng Réiden/Atert ze félicitéieren an och vill Erfolleg fir Zukunft ze wënschen. A senger Laudatio huet de Jeff Lisarelli betount, dat d’Joy Linden virun 8 Joer als vendeuse ugefaangen huet, war et fir hat de Wonsch do och eng Kéier selbststänneg ze gin. Wärend dese Joeren huet d’Joy de métier geléiert, fir ze verkaafen an och ze beroden, wat him och zur Passioun gin ass. No an No huet et sech herausgestallt dat d’Joy dest Traditiounsgeschäft no verschidden Ëmbau- a Restauratiounsarbichten konnt iwerhuelen. Als Gemeng Réiden si mir houffrig a frou dat daat Geschäft elo hei viru geet, an, an desem flotte Kader, daat heescht mat ganz vill Clienten a vill Erfolleg mat dem ganzen Team an enger flotter Ambiance a sëcherer Zukunft. Wëll dest Geschäft liewt vun der Passioun vum Joy a sengen Mataarbechter.(CR (Fotoen: Charles Reiser)