Réiden/Atert: Jiddereen, dee wëll Hëllefen ass wëllkomm ! D‘Aktioun gëtt ofgehaal onofhängig vum Wieder. Esou stung op der Invitatioun vun der Gemengeverwaltung Réiden fir e Samsden, den 22. Maerz beim Gemengenatelier ze sin fir beim Start vun der grousser Botz duerch d’Gemeng Réiden derbéi ze sin. Bei agreablen Wieder konnt de Buergermeeschter Henri Gerekens ganz vill Matbierger Virum Start begréissen an huet hinnen zugläich och Merci gesoot fir hir ganz grouss Presenz an och fir hirt fräiwëlligt Engagement. Duerno goufen Plangen mat dem néidigen Geschier verdeelt, wou verschidden Tier duerch di ganz Réidener Gemeng virgesin waren, fir alles opzeraafen wat vun jeglichem Drëck an der Landschaft onnötz eweg gehéit gin ass. Géint Mëtteg gouf et och di verdingt Stärkung am Gemengenatelier als klenge Merci déi vun der Gemengeverwaltung Réiden ofréiert gin ass. (CR) (Foto: Charles Reiser)