Ofschloss vun de Sproochecoursen an der Gemeng Péiteng um Europadag.
Um 9. Mee hunn de Péitenger Syndicat d’Initiative et de Tourisme an de Rodanger Syndicat d’Initiative am Kulturhaus “A Rousen” den Ofschloss vun hire Sproochecourse gefeiert. Niewent de Gemengenautoritéiten hu sech 194 Laureaten afonnt, déi mat Succès Lëtzebuergesch Coursen an den Niveauen A1 an A2 ofgeschloss hunn. Do dernieft goufe 26 Leit ausgezeechent, déi Franséisch geléiert hunn a 40 Participantë vun den Italieneschcoursen zu Rodange. No der Iwwerreechung vun de Certificaten hunn de Pättchen an d’Gegrills gutt geschmaacht ier den Owend gemittlech bei der Musek vun den “Blue Stars” ausgeklongen ass.