Generalversammlung vum Syndicat d'Initiative et de Tourisme vun der Gemeng Péiteng
Am Kulturhaus “A Rousen” zu Péiteng huet de President Roland Breyer virun enger grousser Zuel vu Memberen a Sympathisanten d’Generalversammlung vum Syndicat d’Initiative et de Tourisme de la Commune de Pétange opgemaach.
Fir déi gutt gefëllten Agenda vun 2018 esou interessant ewéi méiglech eriwwerzebréngen, gouf eng Broschür ausgedeelt, an där de Programm opgefouert war, de Keesebericht a vill Fotoe vun de verschiddenen Organisatiounen.
De President huet dunn un déi verstuerwe Memberen erënnert, besonnesch un de Jules Lippert, dee wärend laange Joren d’Keess vum Syndicat kontrolléiert huet.
Hie sot der Gemeng Merci fir déi gutt Zesummenaarbecht an déi grouss Hëllef, déi de Syndicat vu Säite vun der Gemeng bei sengen Organisatioune kritt. En Vue vun “Esch 2022” kënnt vill Aarbecht op d’Gemengen, déi matmaachen, duer. De Syndicat d’Initiative et de Tourisme vun der Gemeng Péiteng ass gutt opgestallt, fir matzeschaffen, datt et en Erfolleg gëtt.
D’Sekretärin Viviane Daman huet 28 verschidde Manifestatiounen opgezielt, vun deenen d’Vernissagë vu Konschtexpositiounen an och d’Concerte jidder éischte Sonndegnomëtteg vun de Méint Abrëll bis Oktober reegelméisseg stattfannen. Héichpunkten all Joer sinn de Swinging Friday an de Rockabilly de Luxe uganks September, de Chrëschtmaart, d’Sproochecoursen. De Syndicat d’Initiative ënnerstëtzt den Tourismus doduerch, datt hie Guide stellt, wann d’Gemeng se brauch.
De Caissier Raymond Masutti huet e gesonde Bilan presentéiert, dee vun de Keeserevisore guttgeheescht gouf. D’Elisabeth Schaus gouf eestëmmeg zur neier Keesereviseurin gewielt. Déi austriedend an erëm wielbar Kandidaten hunn alleguer hir Kandidature gestallt a goufe bestätegt, d’selwecht wéi dräi nei Memberen, esou dass am Conseil général elo 15 Memberen huet.
Nodeems d’Presidente vun dem Syndicat d’Initiative vu Rodange a vun der Konscht-Millen iwwert déi gutt Zesummenaarbecht geschwat hunn, war et um 1. Schäffen, Jean-Marie Halsdorf, fir de Syndicat als zouverléissege Partner vun der Gemeng ze wierdegen ier hien en Ausbléck op zukünfteg gemeinsam Projete ginn huet.
Bei engem Patt an engem gudde Maufel gouf den Owend ofgeschloss.