29e editioun vum Rallye de Wallonie.

Letzten Weekend gouf nees deen flotten Rallye de Wallonie op an ronderem Citadelle zu Namur gefuer, 120 Starter waren um Départ an dovun och 3 Letzeburger Equipagen.
Den Ford Fiesta Trophy Gewenner Bob Kellen mam Nathalie Hoffmann um Ford Fiesta R2 aus dem Wengler Racing Team, mat aus sengem Team awer och den Hugo Arellano mam neien Co - Pilot Daniel Arens och um Ford Fiesta R2.
Als 3 Letzeburger Team gong den Ronny Foxius mam Jennifer Thielen an hieren Citroen C2R2 Max un de Start. Et war net nemmen Mass me och Klass present, wéi een Tsjoen, Snyers, van Parijs, Colsoul etc.
E Freideg den Owend sin Piloten direkt schon ennert schwierigen Bedingungen gefuer, déi 1 Etappe war drechen woubäi déi 2 am Schloreen gefuer gouf, an d´Piloten all op Slicks ennerwee waren ,an deen 1 oder anner Dréier huet natirlech bei denen 1000 ´en Rallye – Fans vir Bommestemmung gesuergt, si hun sech d´Laun net verdierwen geloos.
Samstes huet den Hugo esou ungefangen wéi mir hien kennen, voll Attack an et huet sech gelount well no 12 Etappen deen Dag stong hien als 16. am General an 1. an der Ford Fiesta Trophy an der Löscht, me d´Rallye war nach net riwer.
Vir den Bob an d´Nathalie déi di Saach mi lues ugegangen sin as et och gut gelaaf, si stungen no 12 Etappen Samstes owes op der 4. Platz an der Ford Fiesta Trophy an als 31. am General.
Vir de Ronny sollt et net esou gut laafen sein Motor hat munchmal een klengen Aussetzer wat een schnell un sengen Zeiten gesin huet, an zu allem Iwerfloss koum dun och nach derbäi dat sein Alternator sech verabschiedet huet, sie stungen no 12 Etappen op der 34. Platz am General. Gott sei Dank huet sein Team super Arbecht geleescht an iert sein Auto owes an Kasär an den Parc Fermé gefuer as war sein Problem geléist.
Sonndes sollt dun awer d´Blaat dréinen, schliesslech as et jo Rallye. De Ronny an d´Jenny hun sech lues a lues no vir geschafft.

D´Resultat kann sech awer och weisen, d´Team Foxius / Thielen fueren als 1. Letzeburger 2. an der Citroen Trophy an als 27. iwer de Podium.
Als 2. Letzeburger fueren den Bob Kellen an Nathalie Hoffmann iwer de Podium an landen op 3. Platz an der Ford Fiesta Trophy an 29. am General.
Vir den Hugo an den Daniel sollt et net esou grandios ausgoen.
Si 2 haaten en kleng Sortie de route op der 18 Etappe wat si gutt 10 minutten kascht huet an wertvoll Punkten. Hieren Auto haat sech zimlech déif an de Gruef geluecht an d´Zuschauer haten krämpes vir sie do raus ze drecken.
54. am General an vun 1. Platz an der Ford Fiesta Trophy faalen si op der 7. Platz an sou sollten sie leider och dun Rallye endigen.
Alles an allem hun mir spektakulären Motorsport gesin, zum deel mat Prabbeli awer gréisten Deels ouni, me och dat huet déi vill Spektateuren net ofgehal an ennert hinnen waren och vill Letzeburger Piloten an Co – Piloten an Fans ze begréissen.

Gewonnen gouf d´ Rallye de Wallonie 2012 vum:
1. Tsjoen
2. Snyers
3. Viaene
27. Foxius / Thielen
29. Kellen / Hoffmann
54. Arellano / Arens