Diplomiwwereechung vum 1. Hëllef Cours an der Gemeng Buurschent den 27.03.2015

Croix Rouge, Gemeng Buurschent an Pompjeeë Gemeng Buurschent haten zesummen vum September bis Enn Januar en 1. Hëllef Cours organiséiert.
An 14 Duebelstonnen sinn déi 28 Kandidaten déi richteg Gesten geléiert ginn fir am Noutfall bei engem Accident am Verkéier, op der Aarbecht, doheem oder
während der Fräizäit ze intervenéieren. Et bleift ervir ze sträichen, dass 16 Kandidaten tëschent 15 bis 20 Joer al sinn.

De Cours gouf vum Här Jean-Marie KLEIN op eng interessant an léirräich Manéier gehalen.
A Präsenz vum der Mme Buergermeeschtesch Annie NICKELS-THEIS an Vertrieder vum Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Buurschent, dem Här Marc CROCHET Directeur générale adj. vun der Croix Rouge an dem Charel FRAUENBERG Kommandant Pompjeeë Gemeng Buurschent goufen un
folgend Leit 1.Hëllef Diplomer iwwerreecht:

Agnes-Mangen Nicole, Alves Dos Santos Patrick, Bartholomey Jacques, Becker Monique, Ferreira Peixoto-Schneider Carine, Frauenberg Jemp, Frauenberg Jil, Frauenberg Liz, Gillen Daniela, Ginter, Josh, Ginter Lena, Grässer-Diener Léa, Grässer Jeff, Grässer Jean-Claude, Hille Fanny, Junker-Fohl Annette,
Machado Meneses Cristiano, Meier Guy, Meier Lynn, Nickels Alex, Nickels Sally, Schepers Sam, Steichen Elisabeth, Steichen-Keiser Christiane, Theis Toiny, Weber Christian, Weber Joëlle, Wies Michèle

Un Kandidaten ginn déi beschten Gratulatiounen fir Bestoen vum Cours.
Mam Opruff zum 1. Hëllef Cours ass gleichzäiteg och en Opruff fir den First Responder an der Gemeng Buurschent gemaach ginn. Dorobs hinn hunn sech eng Rei Leit gemellt. Dësen Service wärt am Laaf vum Joer présentéiert ginn an säin Dingscht ophuelen.

Als Merci krut den Jean – Marie KLEIN vun der Mme Buergermeeschtesch Annie NICKELS-THEIS an Vertrieder vum Schäffen- a Gemengerot vun der Gemeng Buurschent eng Menz iwerreecht mam Buurschter Schlass wat eng limitéiert Serie as, an vun den Kandidaten eng Corbeille aus dem Naturpark Uewersauer, wouriwer den Här KLEIN sech gefreet huet.