Bike4Life 2014 (Billergalerie vu 500 Fotoën)

Déi 6 Editioun vum Bike4Life war dest Joer net et wéi gewinnt zu Ettelbreck beim Garage Deltgen me zu Maerzeg um Terrain vun der Maison Kasel.
Vill Leit haten sech och nees dest Joer vir den Bike4Life afonnt. Et haten sech iwer 70 Equipen vir déi 4 Stonnen Mountain Bike ugemellt bei schwéieren Wiederkonditiounen an vill Bulli. Me d´Kanner hun sech et och net huelen geloos dobei ze sin an vun all Altertsgruppen waren si mam Velo dobei.
Me och déi ganz kleng waren net vergiess vir sie war e grousst Sprangschlass opgeriicht wou si sech konnten iwer den Dag auspoweren.
Den Erléis vun desem Dag spenden d´mennien.lu fir Projeten déi am Kader vun der Präventioun géint den Hautkriibs zesumen mam Ministère de la Santé auszeschafft gin wéi z.b sunnybox. (www.sunnybox.lu)
Dest Joer war awer och ganz nei fir Kleng an Grouss 2 Clownen vun der Associatioun „ île aux clowns“ déi och een Stand vun der Associatioun op der Platz haten an Informatiounen an Gadgeten verdeelt hun. Een Deel vum Erléis dest Joer geet och un d´île aux clowns.
D´Mennien.lu soen jidderengem e groussen Merci vir d´Ennerstetzung.
D´nächst Joer treffen mir eis dann den 9.mee 2015 nees zu Ettelbreck.