X-MAS AFTERWORK zu Miersch
X-MAS AFTERWORK 2024
D'Mierscher Pompjeeën asbl organiséiert dëst Joer déi dreet Editioun vum X-MAS AFTERWORK.
WÉINI?
- Freiden, den 13. Dez.: 17:00 - 1:00 Auer
- Freiden, den 20. Dez.: 17:00 - 1:00 Auer
WOU?
- Zu Miersch op der Méchelsplaz
WAT LEEFT?
- Fir gutt Stëmmung, Iessen (Geméiszopp, Kniddelen, Gromperekichelcher) a Gedrénks (selwer gekachte Glühwäin, Applejack a Softdrinks) ass beschtens gesuergt.
- Feierplazesuerge fir eng gemittlech Atmosphär an dass et kengem ze kal gëtt.
- Zelter mat Heizpilzer suergen dofir, dass keen naass gëtt.
NACH NÄISCHT FIR?!
Dann ass dat hei genau dat richtegt fir dech, fir mat Frënn zesummen ze kommen a gutt an de Weekend ze starten.
Dëst Joer wäerte mir eisen Afterwork am Sënn vun der Nohaltegkeet organiséiere fir de Label vum „Green Events“ ze kréien.
Heifir hunn mir follgend Mesurë getraff:
- kéng Einweg-Artikele benotzen (Geschier, Besteck, Tasen a Glieser aus nohaltege Materialien)
- Benotze vu lokalen a regionale Produite bei der Zoubereedung vum Iessen
- Benotzung vu Produite mat Biolabel
- paperless sou gutt et geet
- Opstellen vun Pubellen fir d’Offalltrennung an Äschebecheren
- kéng Notzung vu Sëlwerpabeier
An dësem Kader géife mir Iech bieden ären Behälter vun doheem matzebréngen, wann dir eppes mat Heem huele wéilt.
Fir Mobilitéit ass gesuergt: Et gi Vëlosstännere sur Place an den nooste Busarrêt „Maartplaz“ ass op 50 Meter erreechbar.
Mir gesin ons!