Walfer Bicherdeeg mat Lëtzebuerger Lidder !

12
Nov
2024
12 Nov 13 Nov 14 Nov 15 Nov 16 Nov 17 Nov

Op de Walfer Bicherdeeg um Stand vun der "Actioun Lëtzebuuergesch" fand dir och :

« Lëtzebuerger Lidder däerfen net verluer goen »
No deem Moto gëtt et ëmmer méi wichteg dat ze retten wat nach ze retten ass.

Hëlleft duerfir all, eise Lëtzebuerger Lidderschaz erëm opliewen ze loossen an ze erhalen, an de Schoulen, an de Veräiner an der Gesellschaft, an der Famill !

Lidder erzielen äis jo och meeschtens eng ganz an interessant Geschicht

a sinn duerfir och eng wäertvoll Hëllef an den Lëtzebuerger Coursën a vierwat net och an eise Schoulen. Do geet et jo net nëmmen drëms ee Lidd ze sangen, ma och iwwer de Sënn an d’Geschicht vum Lidd zesummen ze schwätzen.

Lëtzebuerger Lidder fënd een iwwer d’Land, seng Géigenden an Dierfer

sou wuel wéi iwwer fréier Beruffer, Bräicher, Monumenter a bedeitend Leit,

iwwer Fester a Feierlechkeeten, iwwer Veräiner, Hobby a Sport, iwwer Iessen, Drénken a Léift, iwwer all Altersgruppen a Sozial Schichten an Reliéis Theemen oder Kannerlidder, ma och aus schwéieren Zäiten a vun traurege Momenter.

Et gëtt an et geschitt jo näischt wouriwwer een net ee Lidd fanne géif fir ze sangen oder den Text ze liesen !

„ Sang allzäit ee Liddchen an aller Rou !

Sangen mécht glécklech, zefridden a frou ! “

Niewt engem Archiv vun 4700 Lëtzebuerger Lidder ( Wierder an Nouten ) gëtt et elo och 2 Lidder-Bicher, mat 95 däer Päerelen déi fréier iwwerall, auswenneg gesonge gouwen, ma lues a lues an de Vergiess gerode sinn well se a kenge Bicher woaren an elo een drëtte Band mat 50 eegen Gedichter a Lidder !

Fir 20€ de Band ( 22€ mat Porto ) kënnt dir dëse Kulturschaz an äerer Bibliothéik hunn, ma net nëmme fir schéin ze maachen, ma fir iech an äere Frënn epuer freedeg Stonnen ze gönnen ! A wann dir emol esou eng Päerel vu fréier sicht, da frot roueg, (Kopie kaschten näischt) een Archiv muss liewen ! Och fir all Info iwwer eis schéin an onvergiesslech Lidder, gesi mir eis um Stand vun "Actioun Lëtzebuergesch"... oder :

Jean Kandel 7, rue Luitgardis L-8244 Mamer jeankandel@pt.lu