Engagéiert an der Gemeng, 2001€ fir d'FAL

An der Gemeng aktiv ze sinn a sech sozial engagéieren huet en Impakt! Den Holzemer Gesangsveräin huet dat mat hirem generéisen Don un d'FAL bewisen an d'Gemeng Mamer ass mat enger weiderer Spend nogezunn. Mat insgesamt 2001€ kann d'Fondatioun d'Finanzéierung vun engem neie Bus fir de Service Loisirs ugoen an esou de Beneficiairen den Zougang zu Vakanzenaktivitéiten erliichteren. Mir sinn dankbar fir dës Hëllef vu béide Säiten a soe Merci, dass dir dozou bäidrot wärtvoll Momenter fir Mënsche mat Autismus ze erméiglechen.