5000€ fir d'Gaardenaktivitéiten zu Munzen

D'Fraen a Mammen van Hengescht hu Sue fir de gudden Zweck gesammelt, ënner anerem fir d'Fondation Autisme Luxembourg. Konkret gëtt den Don fir d'Gaardenaktivitéiten zu Munzen benotzt, déi domat nach weider ausgebaut kënne gi fir Persoune mat Autismus ze fërderen.


Am Numm vun de Beneficiairen, de Famillen an der ganzer Ekipp e grousse Merci fir dëse generéisen Don!