DT Helleng on Tour

No enger laanger awer dach flotter an um sportleche Plang ganz erfollegräicher Saison,hunn déi Verantwortlech vum DT Helleng wéi all Joer et sech net huelegelooss fir hier Jugendspiller op e flotten Tour ze invitéieren an hinnen esou fir déi sportlech Leeschtungen am Laf vun der Meeschterschaft Merci ze soen.

Dëst Joer goung den Tour bei herrlechem Wieder mam Bus an déi belsch Ardennen an zwar an den UNESCO Geopark vu Famenne-Ardenne, zu dem déi beschtens bekannte Grotte vun Han-sur-Lesse gehéieren.

No der Arrivée um Site, stoung Mueres en Tour mat engem Safari-Bus duerch den 250 Hektar grousse Wëldpark um Programm, wou iwwer 650 Déieren an enger natierlecher Emgebung liewen. Hei konnten déi jonk Dëschtennisspiller Bieren, Wëllef, Hirschen an nach vill aner Déiere ganz no observéieren.

Géint Mëtteg gouf op enger flotter Terrass direkt un der Less e schmackhafte Menü aus lokale Produkter zerwéiert dee jidderengem ganz ausgezeechent geschmaacht huet.Duerno stoung d’Visitt vun de bekannte Grotte um Programm.

An de Grotte goung et ronn 2 Kilometer zu Fouss iwwer Trapen an enk Weeër laanscht Drëpsstengseilen an anere bizare Formatioune bis an eng gewalteg doumarteg 62 Meter héich an 149 Meter breet Hal. No engem Son-et-Lumière-Spektakel goufen d’Grotten iwwert e Steeg nees verlooss.

Géint 17 Auer ass jidderee ganz begeeschtert an zefridden an de Bus geklomm an huet den Heemwee bei beschter Erënnerung zum Ofschloss vun engem schéinen Dag ugetrueden.

Doheem ukomm gouf deen herrlechen Ausflug bei engem genëssegem Patt an engem Austausch vun dem Erlieften ausklénge gelooss.