D'Fréisenger Gemeng huet genee ewéi déi virecht Joren nees den flotten an stëmmungsvollen Chrëschtmaart um 3. Adventsweekend zesummen mat den lokalen Veräiner zu Uespelt op dem historeschen Site beim Schlass organiséiert. Dëst Joer huet des Festivitéit aus techneschen Grënn net am dach engken Haff vum Schlass mee ronderëm déi ugrenzend frei Plaz stattfond. Dëst huet dem Chrëschtmaart eng besonnesch heemlech an convivial Atmosphär geschenkt an déi verschidden Stänn waren net esou verwenkelt an agëengt wéi déi lescht Joren plasséiert. Déi vill Stänn an Holzhäisecher koumen mat dem a waarmen Faarwen ugestraalten Schlass als Hannergrond voll zur Geltung.
Den staarken Geroch vun Kanéil, Dennengréng, Spekulatius an Neelcheskäpp, den sech iwwert den ganzen Site verbreet huet, huet mat deenen festlech gereschten Stänn eng magesch Chrëschtdagsatmosphär gezaubert. Op kulinareschem Plang huet déi diversifiéiert Offer vun den Gromperekichelcher iwwert d'Wirschtercher mat Sauerkraut bis zum Gegrillten keen Wonsch onerfëllt gelooss. Bei deenen wanterlechen Temperaturen hat awer virun allem déi vum DT Helleng an hiren mat Holz gefeierten Uewen gebaken "Tarte flambée" e räissenden Uklang.
Zimmlech vill Undrang war awer och bei den Stänn mat selwer gebastelten Geschenkiddien oder handwierklech hiergestallten Iesswueren ze verzeechnen.
Des Organisatioun stellt en Héichpunkt an der Chrëschtzäit an der ganzer Umgebung vun der Fréisenger Gemeng duer an muss onbedéngt erhalen bleiwen, wann och vielleicht mat e beschen ugepassten Ëffnungszäiten.