Zu Gilsdrëf haten d'Kanner aus dem 5. a 6. Schulljar d'Geleeënheet, hir Technik am Mountainbike fir d'Coupe scolaire ze verbesseren. De Velo Club Dikrich hat dem Léierpersonal virgeschlo, e ganze Nomëttig vum Jempy Drucker, Mika Fonck, Brian Nugent a Frank Schleck vun der Velosfederatioun FSCL gewisen ze kreien, wéi ee bremst oder d'Iwersetzunge gebraucht fir gutt op d'Coupe scolaire virbereed ze sin. Ronn 60 Kanner kruten als Souvenir e Bidon vun der Regional Ekipp an hu bei bloëm Himmel am Schullhaff zu Gilsdrëf zwu léierräich Stonne verbruecht.
Et soll dëst awer nët di eenzig su Aktivitéit sin, aner Primärschulle kënne sich gär bei vcdiekirch@gmail.com melle, fir och hir Kanner op de Stroosseverkéier virzebereeden. Training ass fir kanner vu 7-12 Jar all Dënsdig vu 15h15 bis 16h15 an der Cité Hannert den Zengen zu Bettendrëf wann d’Weder et erlaabt. Info op der Emaiadress vum VCD oder op den soziale Medien @VCDiekirch.
Fotoë si vum Mike Derneden a Patrice Karier