Op engem frëschen awer sonnige Samsdigmoien ware ronn 40 Lett dem Opruff vun der Emwelt- a Mobilitéitskommissioun nokomm an hu nët manner wi 20 Tuten Dreck laanst d'Stroosse vun der Gemeng gesammelt. Den Dag virdru waren d'Kanner aus der Spill- a Primärschull schons ënnerwee.
Opgefall sin di vill Bëxen an Zigrettestëmp, awer och nach e sëlliche Pabeierstécker direkt virun der Sporthaal zu Bettendrëf. D'Staatsstroosse gufe weenst dem villen Trafic awer nët gemaach, well do läit dee meesten Dreck, awer do sin d'P&Ch gefrot. D'Lett denken einfach nët mi iwert d'Konsequenze vun hirem Handele no, sou di eestëmmig Meenung vun de Botzerten. An dacks gi se frech, wann een eppes seet.
Flott ass et awer ze gesin, dass d'Leierpersounen de Kanner d'Gefill fir hir Emwelt ze schütze, vu Klengem u mat op de Wee gin.
Als Belounung gufen et Penne an eng Mousse au Chocolat an der Buvett vun der Bettendrëffer Sporthal.
(Photo Joé Leyder