Randonnée Gourmande 13.05.2012 zu Gilsduerf. (Fotoserie)

Ech krut per Facebook eng Invitatioun „ Randonnée Gourmande“ organiséiert vum Club 51 Éisleck den 13.mee 2012 zu Gilsduerf. Bessien iwerluecht hun ech puer Leit ronderem gefroot an eiser 5 mat 2 Muppen hun mir eis vir dat Abenteuer ugemellt.
13,2 km wonnerbar d´Wieder gut Laun an e lecker Menu hun op eis gewart. Um Parking beim Kirfecht zu Gilsduerf hu mir festgestallt datt vill Leit jonk an manner jonerk sech ugemellt haaten.
Um halwer 11 kruten mir den Apéritif zervéiert. Mat 1 Coupe Schampes an vill furry war eis Randonnée lancéiert. Um Départ Gilsduerferbreck war den Plat 3 Zorten Réi Haam mat sefteger Meloun an engem Gliesschen Porto.
A lass gong et Richtung Bettenduerf, ennerwee hun mir villes begéint, deen een oder aaner Velofuerer, deen versteesdemech haat deen anner deen eis vernannt huet well mir op senger Velo´s pist ennerwee waren ( pardon), 1 Föschreiher an e puer Inten déi an der Sauer gepaddelt hun.
Net schlecht gestaunt hun mir wéi mer eng Grupp iwerhol hun déi een Blannenhnd derbäi haten, natirlech hun mir gefroot vun wou sie kéimen, hier Äntwert war, mir sin eng Grupp vun 17 Leit aus dem Blannenheem, sin 13 Memberen an 4 Betreier an 1 Hond. Iwer den ganzen Dag sollten mir déi sympatesch Leit rem begéinen.
RaviI 1: Pastéitchen mat 1 Glas Pinto Gris.
Eng Menschenschlang stong zu Bettenduerf beim 1 Ravi ze warden, me et gong schnell virun an et gouf net gegranzt an net gemeckert, jiddereen haat Zeit an huet mat denen anneren déi an der Rei stongen geschnesst.
Bierg op Richtung Ravi 2 goung et wieder. Am Bösch kruten mir dun Tomates Mozarella mat 1 Glas Chardonnay.
Eis Muppen an mir haaten een heeden Spass an hun natirlech e puer flott Fotoen gemach.
Ravi 3: Scampi´en mat vill Knueweleck an Reis mat 1 Glas Pinot Blanc.
Virun duerch de wonnerschéinen Bösch hun mir eis gut gestömpt a Richtung Gilsduerfer Steekaul vir de leschten Ravi gemach.
Ravi 4 an der Gilsduerfer Steekaul: Fierkelshämchen mat gebroodenen Gromperen an Zalot an eng grouss Auswiel vun Dessert. Gutt gekaacht Pol. Hei hun mir eis rem all remgesin an mat 500 Iessen woust de Club 51 Éisleck wat sie deen Dag geleescht haten.
No dem Iessen hun mir do nach e bessien gerascht, gequatscht , gelaacht an gegeckst an hun eis dun Richtung Gilsduerf bei eisen Auto bewegt.
Alles an Allem huet et eis super gutt gefall an d´Sonn huet eis de ganzen Dag an d´Gesiicht gelaacht.
Mir 5, Jessica mam Chanel, de Steve, d´Sabrina, d´Ketty de Rom an den Boss .
Merci dem Marc an vergiess eis net mat Zeiten den Datum vir 2013 ze mailen.
De Benefice geet un een gudden Zweck an vir 39€ op de Kapp haten mir e flotten Dag.