Happy Birthday zum 90. fir d'Jetty Mischo- Guelff


Feelen: Zënter dem 1. Juli 2023 verbrëngt d’Jetty Mischo- Guelff vu Feelen hiren Liewensowend am Servior „ Geenzebléi zu Wolz, wou sie sech och wuelfillt. Viru kuurzem ass och do zesummen mat der Famill den 90. Gebuertsdag vun der Jubilarin gefeiert gin. D’Jetty Guelff ass den 13. Juni 1934 als dat eelst vun 2 Kanner vum Nicolas Guelff a Catherine Weidig zu Rodange op d’Welt komm. Den 1. Mee 1957 ass Hochtzëit gefeiert gin mam Paul Mischo , den zu Lëtzebuerg gebuer gouf an sengt deeglicht Brout op der Goodyear zu Colmer- Bierg bis zu senger Pensioun am Joer 1995, verdingt huet. Zesummen mat hiren 2 Jongen an hirem Meedchen hun sie zesummen zu Nidderfeelen gewunnt. Haut zielen véier Enkel- an och véier Urenkelkanner zur Famill Mischo- Guelff. Leider ass hire Mann, Paul den 1. Februar 2020 verstuerwen. Als langjährige Member vum Feelener Seniorenveräin“ Di Jonk vu Gëschter“ huet d’Gebuerstagskand gären dat flott Gesellschaftsliewen mat Frënn a Bekannten, genoss. Beim gemeinsamen Festmenü hun d’Famillegäscht dem Jetty fir den 90. Gebuertdag mat engem kräftigen „Happy Birthday“ nach Alles Guddes, Gesondheet an Zefriddenheet fir Zukunft zu Wolz am Servior gewënscht.(CR) (Foto: Charles Reiser)