2 Editioun vum Eifel Rallye Festival vum 26 bis den 28.07.2012.

Den letzten Weekend sin d´Motoren nees zu Daun op héich Touren gelaaf. Mat um Start waren vun klengen bis ganz grouss Nimm, wéi zum beispill een 2 fachen Weltmeeschter Walter Röhrl, en Stig Blomqvist, Björn Waldegard, den Armin Schwarz, den Harald Demuth, Philippe Wambergue, den Aaron Burkart deen letzen Super 1600 Weltmeeschter an dat däitscht Nowuestalent Sepp Wiegand awer net ze vergiessen och een letzeburger Pilot war mat derbäi, den Steve Zimmer op sengem BMW M3.

Mee net nemmen Weltklass krut hei en Applaus och de Steve krut geruff an geklappt wann hien mat sengem BMW duerch d´Kéier gedrif huet an den Motor brellen gelos huet. Donneschdes war deen berühmten Shakedown wou deen 1 oder anner eng Geleenheet hat vir als Co – Pilot di eng oder anner Ronn mat ze dréinen. Freides gong et dun lass mat 2 WP´en an Samstes waren et der 8 WP´en also 4 Bouclen.

Op der 1 WP konnten di aal Boliden direkt weissen wat se konnten. Mat enger Wasserduerfahrt oder en Jump sin di aal Autoen wéi een Audi Quattro, Lancia Stratos an Lancia Delta, Opel Ascona 400 deen 1 oder anner Renault Alpine, den Ford RS200 oder esou guer den Trabbi wakreg geresselt gin. Wéi emmer haaten sech awer ochtraditionel gemäss, enorm vill Leit op der WP Mantaloch getraff vir do ze kuken ween sein Auto beheerscht an keng Éirenronn duerch d´Wiss dréint. Leider sollt d´Wieder et net esou gutt mat eis mengen, Freides owes koum deen béissen Stuerm wou d´Leit am Service krämpes haaten hier Zelter um Buedem ze behaalen. Och deen eenzegen letzeburgischen Fan Club vum Walter Röhrl huet mussen Kämpfen, si haaten hier Fan artiklen séier verstaut an hun alles drun gesaat dat hiert Zelt net fortgeflun as. Well Samstes haaten sie hieren Idiol jo schliesslech deen teschend den Etappen schnell riwer gesprong koum an hier Artiklen ennerschriwen huet.

Well wat wier schon eng Kap, en T-shirt oder e Poster ouni Original Ennerschreft an wann een e gudden Droth zum Walter huet dann as daat alles keen Problem. Samstes huet de Reen eis och regelmässig geduscht och wann daat net jiddereen esou stark gestéiert huet an et sin awer vill Leit bliwwen an mat 40000 Leit de Weekend kann een wirklech net soen et wier schlecht gelaaf.

Well des Rally sollt Spaass machen an ne top Zeit gefuer gouf hun der och e puer gewonnen.

Virun allem Zuschauer déi eng mega show mat aalen Autoen an spektakulär Szenen.
Piloten déi Spaass haaten an hier aal Kollegen remgesin huet géint déi si fréier géint Zeit gefuer sin.

An déi ganz Regioun, vum Restaurant zum Hotel etc. well do hun d´Leit Gastfrendlechkeet genoss.

Mir freen eis well op d´Nächst Joer an hoffen dass mir eis do rem gesin oder vläicht schon éischter an zwar den 12 an 13 Oktober um Rally Tour de Luxembourg wou awer méi aktuel Autoen um Start stin an rem em Zeit gefuer gett.
Also bis dann am Préizerdaul, wou och den letzeburgischen Fan Club vum Walter Röhrl hier kennt.
Ubäi fannt dir e puer Fotoen an wieder Fotoen fannt dir op : www. proha.lu