Bike 4 Life 2012, e gelongenen Samsteg.

Den 5.mee war nees den Bike 4 Life dest Joer vir 4 Kéier, ausser datt Wieder net matgespillt huet war awer de Rest perfekt. Vir Iessen, Drenken an gut Stemmung war bestens gesuergt an wéi een et vun den Mennien gewinnt as huet déi ganz Organisatioun bis an de klengsten Détail geklappt. 58 Kanner waren bei de Kannercoursen um départ, 69 Teams an dorenner 13 Eenzelfuerer. En haarden Samsteg sollt op se duer komm wéi se den Départ bis gehol haaten. Moies sin d´Kanner mat vill Eifer an Spaass hier Ronnen gedréint och wann d´Wieder et net esou gutt mat hinnen gemengt huet, huet dat Kanner awer guer net gestéiert, si haaten hieren Spaass mat de Féiss duerch de Bulli ze fatzen oder mat den Turnschlappen an de Puddel ze sprangen. Me och déi, déi mam Velo do waren haaten net vill manner Spaass, et war e Genoss hinnen nozekuken wou se sech duerch de Bulli gedreckt hun an deen hinnen bis op den Helm gesprutzt huet. Si haaten hieren furri an d´Elteren hun se lanscht d´Steck richteg ungefeiert an motivéiert.
Um 14 Auer pünktlech sollten dun awer och déi Erwuessen un den Départ goen, an och hinnen sollt d´Laun duerch d´Wieder net verduerwen gin,heinsdo huet een mol héieren: Et as awer komesch emmer wann ech soll fueren dann reent et grad riicht ran. Me och dat huet sie net zereck gehaalen, hier Kleeder an hier Velo ´en hun bessien gelidden am Bulli an deen een oder anner sollt och mol vum Suedel rutschen an sech 1 Ronn ganz duerch de Bulli wenzelen, me et as kengem eppes geschitt an daat ganzt gouf mat vill Humor opgehol,gelaacht, ugefeiert an zereck op de Velo gesprong well virun sollt et goen.
Alles an allem war et een gelongenen Dag, d´Leit waren motivéiert an hun alles gin. D´Mennien hun natirlech un alles geduecht an d´Dermathologen waren och nees do vir d´Leit iwer den Hautkriibs ze informéieren an ze beroden. Natirlech stong och dest Joer nees d´Sunnybox am Virdergrond an all Euro geet natirlech nees do dran investéiert, wat mir eng gutt Saach fannen. Um 18 auer sollt et dun entdlech riwer sin an esou munereen war frou vum Suedel ze klammen an eng gut Dusch ze huelen. Mat engem gutten Meifelchen an deem engen oder anner Patt gouf dun den Owend ausklengen geloos.
An hei as d´Klassement vun den Eenzelfuerer :

1. : New Concept Biking ( Ronald Kros )
2. : de Rooy Lennaard
3. : Tooltime ( Guy Gitzinger )

Hei d´Klassement vun den Teams :

1. : ENOVOS
2. : Cubico123Mario.lu
3. : Team Immo Abby Toussaint

Trotz dem Wieder an dem onméiglechen Bulli war des Editioun ee vollen Erfolleg matt enger super Course an enger wonnerbarer Stëmmung , mir freen eis op d´Editioun 2013 déi e bessien mi speziell gett well do fueren se owes vun 19 bis 24 auer.
Allez avis aux amateurs. Mir gesin eis dann rem den Mee 2013.
Dat ganzt Klassement an weider Informatiounen iwer d´Sunnybox fannt dir op www.mennien.lu
Vir Iech e puer Andreck iwer deen flotten Samsteg zu Ettelbreck an der Industrie Zone ze maachen fannt dir Fotoen op www.proha.lu