En Schéck vun 5.000€ fir d'Amicale Foyer Lankhelzerweiher vun Esch/Alzette

Den Boulenclub vun Bartreng huet zesummen mat der Amicale Foyer Lankhelzerweiher vun der Fondation Kräizbierg, en Tournoi organiseiert an hirem Lokal zu Bartreng

Noom Tournoi ass gemittlech een Fierkel um Spiess giess gin an den Restaurant Dogado huet ons mat Zalloten an Dessert versuergten – Gedrenks huet den Bouleclub gesteft.

E Scheck vun 5000 € ass vun deenen 3 Firmaen die deelgeholl hun un d’Amicale Foyer Lanhelzerweiher iwerreescht gin.

D‘Firmen Hospilux SA, United International Managment SA an Telka/TreeTop SA mat hirer Direktioun woren derbei an hun sech een deen aaneren ugefeiert

Et wor e ganz flotten Event – MERCI un all die matgemach hun.

www.kraizbierg.lu