Remise de Don vun den Diddelenger Fléih fir d’Fondation Kräizbierg

D’Associatioun “Diddelenger Fléih” organiséiert regelméisseg Moartverkeef , an deem Kontext sinn 1.200€ zesummegedroen ginn. Am Kader vun enger Visite vun den Ateliers Kräizbierg, konnt d’Madame Stéphanie Monteiro, Chargée de la Direction vun den Ateliers Kräizbierg, den Schéck entgéint huelen fir d’Fondation Kräizbierg.

D‘Stephanie Monteiro huet dem ganzen Comité en grousse Merci gesot an huet wësse gelooss dass, dëse Betrag gudd kann gebraucht ginn fir zukënfteg Investitiounen vun der Fondation Kräizbierg fir die behënnert Leit, déi an eisen Wunnstrukturen liewen.