D’Action Catholique des Femmes du Luxembourg (ACFL) a.s.b.l. huet 505 Euro fir de CHEM gesammelt. Dëst Joer keeft d’Psychiatrie mat dësem Don Material fir hir Bastelatelierë mat de Patienten.
Schon zanter dräi Joer bastelt d‘Psychiatrie Häerzkëssen fir Patientinnen an der Onkologie. Dës Këssen aus Stoff a Kotteng sinn un d'Form vum Ënneraarm ugepasst. Hir Positioun reduzéiert Péng, déi mat der Broschtkriibschirurgie verbonne ass, an hir Häerzform ass eng moralesch Ënnerstëtzung.
Den Atelier erlaabt de psychiatresche Patienten, sech nëtzlech ze fillen, an enger Zäit, wou d'Pfleeg ëm sech selwer eng Erausfuerderung ass. D‘Participatioun an engem Projet fir de gudden Zweck stäerkt hir Selbstschätzung a mécht se houfreg. Dacks verbannen si hiert selwer gebastelt Këssen emotional mat enger Fra an hirem Ëmfeld, déi vu Broschtkriibs betraff ass oder war. Dëse Lien bréngt eng emotional Intensitéit an de Grupp an d'Këssen si mat vill positiver Energie gefëllt.