D’Häerzfeeën waren am Spidol zu Esch fir en Don vu 400 Euro un de Service Chemotherapie ze iwwerginn. Dës Zomm gouf bei eiser Sensibiliséierungsaktioun Mëtt Oktober am Spidol gesammelt.
D’Häerzfeeën hunn och d'Geleeënheet genotzt, fir kleng rosa Inten un eis Patientinne mat Broschtkriibs ze verschenken an hiren Dag esou e bëssen ze erhellen.