„Ulcère de Buruli“ – „Télévie 2022“

Déi 5 fréier Schülerinnen vun der Schwëster Danièle Kayser wëllen mat dëser Annonce all deene Leit, déi si ëmmer nees ënnerstëtzen, villmools Merci soen.

Mir haten ee Stand um Chrëschtmaart, mir maache mat bei Floumäert a mir bedeelegen eis des Joer och un den Aktiounen fir den „Télévie 2022“. Eis nächst Manifestatioun ass fir de 7. Mee programméiert.

Mat der Hëllef vun all eise Frënn a Bekannten kënne mir d’Schwëster Danièle, déi op der Côte d‘Ivoire mat Kanner, déi den „Ulcère de Buruli“ hunn, schafft, all Joer ëmmer nees ënnerstëtzen. A mir wëllen - dëst Joer – och een Deel vun eisem Erléis fir den “Télévie” spenden.

Iech all, déi eis ëmmer nees hëllefen, villmools Merci!