ULCERE DE BURULI
De Club Cinque huet 2014 mat der Aktioun “Ulcère de Buruli – Sr Danièle Kayser” ugefaang Donen ze sammelen.
Déi éischt Jore mat Bastelaarbechten, duerno mat Floumäert a Chrëschtmäert huet de Club Cinque all déi Joren d’Schwëster Danièle formidabel ënnerstëtze kënne.
Virun 1 Joer ass d’Rita, eng léif Frëndin a vun Ufank un am Club, no laanger Krankheet gestuerwen.
No dësem schwéiere Joer huet mussen eng Decisioun geholl ginn: kann de Club esou viru bestoen oder muss en opgeléist ginn?
Esou schwéier wéi et och ass, hunn déi Verantwortlech mussen de Schratt maache fir opzehalen.
Well awer nach vill a ganz schéi Saachen do sinn, ass geplangt fir am Fréijoer ee leschte Floumaart ofzehalen.
All déi Leit, déi weiderhin d’Aktioun “Ulcère de Buruli” ënnerstëtze wëllen, kënnen dat gäre mat engem Don bei “Arlette Créations” (Diddeleng) maachen.
De Club seet all dene Leit, déi si wärend all dëse Joren ënnerstëtzt hunn, villmools Merci!