Preisverdeelung vum Blummeconcours zu Dikrich

Am Fréijar 2024 waren di Dikricher Leitt iwer den “Deiwelselter” opgeruff ginn vir hir Virgäerdercher, Heiserentreeën, Balkonen a Fënsteren mat Blummen ze verschéineren. Vu Mëtt Juni bis Enn August hunn d’Comitésmemberen vum Gaart an Heem Dikrich puermol d ‘Ronn gemaach fir bei deenen, déi sich ugemellt haten, eng Bewäertung ze maachen.

Den 14. Oktober 2024 war dunn d’Präisiwerreechung. Bei senger Begréissung huet de Präsident d’Vertriederin vum Syndicat d’Initiative, den zesumme mat der Gemeng an der Union Commerciale de Projet finanzéieren, wëllkomm geheescht. He sot deenen, déi matgemaach hu Merci an huet bedauert, dat der sich net méi umellen.

Eng Powerpointprojektioun huet nach eng Kéier déi verschidde Gäerdercher gewisen.

Et goufe 6 Haaptpräisser verdeelt a jiddereen, de matgemaach hat, krut och en Troustpräis. D’Präisser se Bongen, déi een an engem Dikricher Geschäft kann aléisen.
D’Versammlung guff mat engem Pättchen an engem Schnittchen ofgeschloss.

Gewënner senn:

1. Preis: Carlo Baum

2. Preis: Famille Pierre Bastendorff-Haentges a Christiane Simon-Ersfeld

4. Preis: Monique Baden

5. Preis: Romain Dillmann an Elise Biserni mat der Famille Nic Krings- Koch