Am Fréijar 2023 waren di Dikricher Lett iwer den “Deiwelselter” opgeruff ginn vir hir Virgäertercher, Heiserentreeën, Balkonen a Fënsteren mat Blummen ze verschéineren. Vu Mëtte Juni bis Enn August hunn d’Comitésmemberen vum Gaart an Heem Dikrich puermol d ‘Ronn gemaach fir bei deenen, déi sich ugemellt haten, eng Bewäertung ze maachen.
Den 23. Oktober 2023 war dunn d’Präisiwerreechung. Bei senger Begréissung huet de Präsident d’Vertrieder vum Syndicat d’Initiative an der Union Commerciale, déi zesumme mat der Gemeng de Projet finanzéieren, wëllkomm geheescht. Heen huet och gebieden eng stëll Gedenkminut anzeleeën fir un de Corneille Ansay ze denken. De Corneille war een zouverlässige Comitésmember, den ëmmer do war fir eng Hand mat un ze paken. Op hee konnt een sich verloossen.
Eng Powerpointprojektioun huet nach eng Kéier déi verschidde Gäerdercher gewisen.
Et goufe 5 Haaptpräisser verdeelt a jiddereen, de matgemaach hat, krut och en Troustpräis. D’Präisser se Bongen, déi een an engem Dikricher Geschäft kann aléisen.
D’Versammlung guff mat engem Pättchen an engem Schnittchen ofgeschloss.