De 14. Januar war an der Grondschoul zu Dikrech a Präsenz vum Kulturschäffe Paul Bonert, dem Präsident vun der Kulturkommissioun Robert Bohnert an dem Éierepräsident Jean-Marie Dillmann déi 174. Uerdentlech Generalversammlung. D’Chorale Municipale Sängerbond Dikrech asbl huet de Bilan 2024 gemaach, deen sech méi wéi gutt ugesäit. Matt 9 neie Memberen, déi no dem Projet „Sängerbond & Friends meet movies 2023“ de Wee bei de Veräi fond hunn an engem motivéierte Conseil d‘Administration konnt de Chouer op ee gutt a chargéiert Joer zréck blécken.
An der Assemblée générale konnt d'Kessiär iwwert eng gesond Kees berichten, bei där duerch Donen, Memberskaarten an Hämmelsmarsch gutt Recette verbucht konnte ginn. Bei de Wale fir an de Conseil d’Administration gouf d’Sandrine Bonnemberger nei gewielt an d‘Joëlle Muller, Fanny Borschette an Nadia Clement déi erëmwielbar waren, goufe confirméiert. Deemno setz sech de Conseil d’Administration folgendermoossen zesummen: Manfred Logeling, Präsident. Joëlle Muller, Vize-Präsidentin. Fanny Borschette, Sekretärin. Nadia Clement, Kessiär. Marguy Toussaint a Sandrine Bonnemberger, Memberen.
Op dem traditionelle Banquet den 18. Januar, huet de Präsident Manfred Logeling d‘Memberen, d’Éierepresidenten an d’Invitéeë begréisst, iert heen dem Mady Bertemes a Karin Flammann, déi decidéiert hunn ab 2025 net méi am Comité ze bleiwen, mat engem klenge Cadeau Merci gesot huet. D’Mady Bertemes huet iwwer 20 Joer am Comité matgeschafft, dovu 4 Joer als Sekretärin, 7 Joer als Präsidentin an 8 Joer als Vize-Präsidentin an d’Karin Flammann war 16 Joer am Comité an direkt Keessiär. De Veräin ass awer frou, datt si als Sängerinnen erhale bleiwen. Duerno kruten déi Membere gratuléiert, déi vun der UGDA eng Éierung kritt hun. Aus den Hänn vum Präsident Manfred Logeling an dem Dirigent Andy Loor, goufe follgend Medaile verdeelt: Laurence Scholl, Nadia Clement, Danielle Gielen an Amela Skrijelj, Insigne fir 5 Joer, Sandrine Bonnemberger, Médaille de mérite en bronze fir 10 Joer, Michèle Goedert a Marc Dostert, Médaille de mérite en vermeil avec palmette fir 40 Joer an Raymond Majeurs, Médaille en vermeil Grand-Duc Adolphe fir 60 Joer.
Di musikalesch Héichpunkten 2024 waren zum éischten de Concert „In Memoriam“ de 15.6 zu Dikrech an de 16.6 an der Stad zesumme mam Ensemble Vocal Eurocantica an ënnert der Leedung vun Dirigent Andy Loor. Bei besënnlecher Musek huet de Chouer all den Opfer aus de sënnlose Kricher geduecht a gouf vum Public mat Standing Ovations belount.
Mee virun allem de leschte Concert „Noël en lumière 2.0“ de 15.12 zesumme matt der «Entente des Chorales de Diekirch» war ee volle Succès. Bei komplett ausverkaafter Kierch, konnten iwwer 90 Sänger*Innen aus deene 4 dikrecher Chéier Dikrecher Sängerbond, Chorale Ste Cécile, Chorale des Jeunes Solschlësselcher an Ensemble Vocal Cantica, weisen, wat ee fäerdeg bréngt, wann een zesummen un engem Strang zitt. Ënnert der Leedung vum Jean-Paul Majerus, huet de Chouer matt den hauseegene Solisten a begleet vum Blechbléiserquinett Magnifica vu Paräis, de Pianisten an Organisten een Event op héichsten Niveau präsentéiert, deen de Leit nach laang wäert an de Käpp bleiwen.
Vollmotivéiert start d’Chorale Municipale Sängerbond Dikrech elo an déi nei Saison a freet sech drop, déi nächst Concerten ze preparéieren. Fir den 3. & 4. Mee 2025 am LCD, wäert den Dikrecher Sängerbond ee méi moderne Programm an Ugrëff huelen mam Thema „Film- an TV Musek. Dëst wäert dann och zugläich de leschte Concert mam Dirigent Andy Loor sinn, deen decidéiert huet ab Summer 2025 d’Direktioun vum Dikrecher Sängerbond ofzeginn.
De Veräi kuckt awer zouversiichtlech an dat neit Joer a matt vill Motivatioun an neier musikalescher Féierung wäert hee virun u senge Projete schaffen, well d’Preparatioune fir de groussen 175. Anniversaire 2026 lafe well op Héichtouren.
Wee gären um courant iwwert d‘Aktivitéiten bleift, ka sech gären iwwert di sozial Medien informéieren: www.sbd.lu / https://www.facebook.com/SBDiekirch