D’Chorale Municipale Sängerbond Dikrich mecht hier Dieren op

De 16.1 war a Präsenz vum Buergermeeschter Charel Weiler, dem Kulturschäffe Paul Bonert, dem President vun der Kulturkommissioun Robert Bohnert an der Éierepresidentin Christiane Bachstein d‘Generalversammlung vun der Chorale Municipale Sängerbond Dikrich. No der Begréissung vum President Manfred Logeling, gouf no engem ausféierlechen Aktivitéitsbericht op eng gesond Kees gekuckt. Och den Dirigent Andy Loor war dankbar fir ee flott musikalescht Joer a freet sech op déi kommend Projeten.

Am Comité goufen d’Karin Flammann a Marguy Toussaint-Lorentz als Member an de Manfred Logeling als President bestätegt. De Comité setzt sech 2024 wéi follegt zesummen: Manfred Logeling, President. Mady Bertemes, Vize-Presidentin. Joëlle Muller, Sekretärin. Karin Flammann, Keessiär. Marguy Toussaint-Lorentz, Nadia Clement a Fanny Borschette, Member.

Um traditionelle Banquet den 20. Januar haten sech d’Memberen an hier Éierepresidente Jean-Marie Dillmann & Christiane Bachstein am „Jardin du Portugal“ afonnt. 3 Medaile konnten deen Owend aus den Hänn vum Joé Heintzen, Vertrieder vun der UGDA iwwerreecht ginn: Insigne, Victor Schalz. Médaille de mérite en vermeil, Jos Majerus. Médaille de mérite en vermeil avec palmettes Manfred Logeling.

De Veräin kann op eng flott Saison zréck blécken. Den 9. Juli huet de Sängerbond zesumme mat 3 anere Chéier a begleet vu „Luxembourg Philharmonia“ de Concert „Bouquet d‘Opéras“ an der ausverkafe Philharmonie präsentéiert.

Niewent de gewinnte Rendez-vousën wéi Oktav, Nationalfeierdag an Hämmelsmarsch, stoung virun allem ee Projet am Fokus. Sängerbond & friends meet movies. Mat Filmmusekextraitën, zum gréissten Deel arrangéiert vum Dirigent Andy Loor, huet de Sängerbond dem Public all Facette vun der Stëmm gewisen. Begleet vun engem 10-Mann Orchester waren den 2 & 3.12. d‘Leit begeeschtert vun deem neien a sprëtzege Chouer.

De Sängerbond huet 2023 nei Weeër gesicht fir sech ze verstäerken. Mat hirem Konzept „Sängerbond & Friends“ huet de Veräin seng Dieren opgemaach an all Sänger empfaangen, dee bei hirem Movies-Concert am Dezember wollt matsangen. Vun iwwert 20 Leit déi sech gemellt hate, hu 14 Leit beim Concert matgesongen, a vun deenen si 4 Stéck Member am Veräin ginn.

D’Chorale Municipale Sängerbond ass matt hiren 173 Joer eng vun den Eelsten am Land. Mee am Géigesaz zu anere Veräiner déi ëm Nowuess an Erhalt kämpfen, geet de Sängerbond matt vill Energie an Elan an engem gudde Grapp voll neier Memberen an eng positiv Zukunft.

Di nächst Projete vum der Chorale Sängerbond Dikrich sinn:

15.6 Dikrich / 16.6 Lëtzebuerg - Concert IN MEMORIAM zesumme mam Ensemble Vocal Eurocantica a begleet vum Estro Armonico, zum Gedenken un déi aktuell Krichsaffer. Um Programm steet ënnert anerem de Requiem vum Gabriel Fauré.

15.12 Dikrich – Concert NOËL EN LUMIERE 2.O. gesonge vun der « Entente des Chorales de Diekirch » a begleet vum Ensemble de cuivres Magnifica vu Paräis.

www.sbd.lu