Hadyn meets Sting - D’Chorale Municipale Sängerbond Dikrech geet nei Weeër.

Vun de Chansons françaises bis hin zum Gospel konnt d’Chorale Municipale Saengerbond Dikrech hiren treie Publik begeeschteren. 2018 sollt ganz am Zeeche vun Bécaud, Piaf an Trenet stoen an de Saengerbond Dikrech, zesumme mat den Dikrecher Solschlësselcher, huet leschte Summer, de 30. Juni zu Dikrech am ale Kolléisch an de 7 Juli zu Éiter, zwee flott Concerten presentéiert. No deem Spaass, deen d’Sänger mat dësem flotte Programm haten, huet de musikalesche Leeder Andy Loor decidéiert, sech ab Hierscht un ee Gospel-Programm erun ze trauen. De Public huet dem Dirigent Recht ginn, an zesumme mam Sängerbond Helvetia vun Tandel, dem Ensemble Vocal Eurocantica, enger Combo an zwee Solisten, konnt den 8. Februar um Lampertsbierg an de 9. Februar zu Dikrech virun insgesamt 500 Leit ee musikalescht Feierwierk opgefouert ginn.


D’Christiane Staudt an de Guy Sutor hunn an der Generalversammlung hier Demissioun als Member vum Comité agereecht a keng nei Kandidatur gestallt. Op där anerer Säit koum awer eng nei Verstäerkung dobäi. D'Joëlle Muller gouf mat der Majoritéit vun de Stëmmen an de Comité gewielt, deen sech elo no där 168. Generalversammlung wéi folgt zesumme setzt: Manfred Logeling, President, Mady Bertemes, Vize-President, Karin Jacobs-Flammann, Tresorier, Monique Glod, Sekretärin, Marguy Toussaint-Lorentz, Romy Liefgen a Joëlle Muller, Memberen.


Op dem Banquet am Hôtel Beau Séjour zu Dikrech beim traditionelle “Kuddelfléck à la diekirchoise”, huet de Raymond Peters, Vize-President vum Conseil d’administration vun der UGDA, zesumme mam President folgend Membere fir hire laangjäregen Asaaz am Chouer geéiert: Fanny Laugs-Borschette, Insigne fir 5 Joer, Romy Liefgen, Médaille de mérite en bronze fir 10 Joer, Juliette Merckes-Blum a Charel Werdel, Médaille de mérite en vermeil fir 30 Joer an Christiane Bachstein-Goebel, Médaille de mérite en vermeil Grand-Duc Adolphe fir 60 Joer. D’Chrisitiane, d’Elsbeth Wilhelm an Jean Bour hun 2018 décidéiert hier Demissioun als aktiv Memberen ze ginn a di 3 kruten vum Veräin d’Éiermemberschaft ob Liewenszäit.


De Chouer geet nei a modern Weeër an esou ass d'Iddi entstan, e Concert ze preparéieren, deen d'Klassik mat deem Modernen verbënnt. De 21. Juni an der aler Kierch zu Dikrech, duerf sech de Public freeën op flott Extraiten aus dem “Fréijoer” a “Summer” aus de Joreszäiten vum Haydn, souwéi Lidder vu Sting, Gershwin a Berlin. De Chouer gëtt ënnerstëtzt vun engem Sträichquartett an 3 Solisten. Fir op all déi flott Aktivitéiten opmierksam ze maachen setzt de Veräin an Zukunft och méi op di sozial Medien.


Et duerf een also gespaant sinn op déi Saisonen déi kommen, well di nächst flott Projeten si well am Plang.