Chorale Municipale Sängerbond Dikrich – 4 Jareszäiten revisited

An Zesummenaarbecht mam Sängerbond Helvetia an dem Ensemble Vocal Eurocantica konnt d' Chorale Municipale Sängerbond, ënnert der Leedung vum Andy Loor am Febuar 2019 säi Publikum um Lampertsbierg grad wéi zu Dikrich mat engem schmassege Gospel-Concert begeeschteren.

Am Juni hu ganz aner Téin geklongen mat Auszich vu "Fréijar" a "Summer" aus de Jareszäiten vum J.Haydn, gemëscht mat zäitgenëssege Melodien zum selwechten Thema mam Gaëlle Vien, de Marc Dostert an de Manfred Logeling als Solisten an engem Sträichquartett.

Fir d'August-Kiermes ass de Sängerbond, wéi all Jar, zesumme mam Männerchouer "Chorale Ste Cécile" duerch Dikrich gezunn fir den Hämmelsmarsch ze sangen, a war dobäi nawell zolidd genetzt ginn.

No engem flotten Ausfluch an Holland konnt de Chouer déi nei Hierschtsaison mat 5 neie Fraestëmmen ufänken an hofft elo nach op Verstäerkung vun e puer sangfreedege Männer!

De 14.Dezember war e klenge Chrëschtconcert zesummen mat der Noumer Musek an der Kierch zu Noumer ugesot.

An der Generalversammlung Enn Januar 2020 huet d'Karin Jacobs - Flammann no 10 Jar als virbildlech Caissière seng wuelverdéngten Demissioun agereecht. Nodeems kee weidere Veräinsmember eng Kandidatur gestallt huet, bleiwt de Komitee bestoën aus: Manfred Logeling, Mady Bertemes- Schroeder, Monique Gloden, Romy Liefgen, Joëlle Muller, Marguy Toussaint-Lorentz.

Beim traditionelle "Kuddelfleckseessen" huet de Raymond Peters, Vizepresident vum Conseil d'Administration vun der UGDA, laangjäreg Memberen geéiert: Mariette Krier-Binsfeld, Médaille en argent Grand-Duc Adolphe fir 50 Jar a Margot Rix-Ley, Médaille de mérite en vermeil fir 30 Jar.

No e puer leschten intensive Prouwen steet elo den nächste grousse Concert virun der Dir. Dës Kéier huet eisen Dirigent Andy Loor e flotten "4 Saisons"- Programm zesummegestallt matt Auszich aus dem Joseph Haydn senge Jareszäiten a passenden "Evergreens " vu Sting, Ola Gjeilo, John & Michelle Philipps ( Mamas & Papas). Loosst Eech iwwerraschen, de 7. März zu Dikrich an der Aler Kierch oder den 8. März zu Veianen am Schlass!

Den 28. Abrëll gëtt an der Philharmonie eng Gedenkzeremonie fir eise fréiere Grand-Duc Jean ofgehalen. Hei hëlleft den Dikricher Sängerbond de gesanglechen Deel feierlech ze gestalten.

Fir den den 29.November 2020 um 17 Auer gëtt dem Karl Jenkins säi Wierk "The Armed Man- A Mass for Peace" an der Philharmonie an Zesummenaarbecht mat e puer befrëndte Chéier an dem Orchester „Musik ohne Grenzen“ ënnert der Leedung vum Rainer Serwe an dem Andy Loor.