Nei Stolpersteng zu Iechternach-Erënnerung un di jiddesch Famillje vu Konsdref
um weitere Bilder zu sehen.
Och Iech ass bestëmmt den Artikel " Innehalten und nachdenken " am Lëtzebuerger Wort vum 16. Juni 2021 opgefall, wou d´ Echternoacher Gemeng mat der Verleeung vu Stolpersteng un déi deportéiert Judden déi an hirer Stad gewunnt a vun den Nazien ëmbruecht goufen, erënnert huet.
Do ass och e Stolpersteen verluecht ginn fir Fanny Levy-Nussbaum. Hunn du schnell a mengen Ënnerlagen aus menge jorelaange Recherchen iwwer déi jiddesch Familljen, déi zu Konsdref gewunnt hunn nogesicht an erausfonnt, dat Fanny Nussbaum enk Verbindungen mat Konsdref hat duerch hire Mann, den Albert Levy awer och duerch hire Papp an hir Mamm.
Hire Mann den Albert Levi ass zu Konsdref am Jar 1879 gebuer, seng Famill Levy huet hei eng ganz laang Zäit gewunnt, nodeems dem Albert sei Papp vun D-Winterdorf / Ralingen op Konsdref geplënnert war.
Dem Fanny Nussbaum séi Papp war de Brudder vum Wendel Nussbaum-Gottlieb. De Wendel war den éischten jiddesche Nussbaum, den vu D-Malberg op Konsdref geplënnert war an hei seng Famill gegrënnt huet. Hien war bestuet mat der Susanna Gottlieb. Konsdref war dat éischt Duerf wou d´Famill Gottlieb gewunnt huet, wei si vu D-Bosen an d´Lëtzebuerger Land ausgewandert sinn, no Konsdref huet de Benjamin Gottlieb sech zu Echternoach etabléiert an d´Nokommen Gottlieb wunne bis haut do.
De Wendel Nussbaum huet sech mat der Susanna Gottlieb bestuet, wie et zu Konsdref gewunnt huet. D´ Nokommen Nussbaum liewen haut nach an der Konsdrefer Gemeng. Ech erwänen nëmmen de Gustave Nussbaum, de Papp vum Jules Nussbaum, de Jules ass de Papp vu Gust, Heng a Pit Nussbaum.
D´Fanny Nussbaum, dat zu Iechternach gewunnt huet, ass mam Albert Levy vu Konsdref bestuet ginn, vun hinne staamt hir Duechter Gerta Levy of. D´Famill Levy-Nussbaum huet den Hotel Prince Henri zu Echternoach an Hal, op der Nummer 46 exploitéiert, op dëser Adress vum Hotel hunn si bestëmmt och schonns 1910 gewunnt, well do ass dem Fanny seng Mamm, Regina Gottlieb gestuerwen. 1939 hunn si den Hotel verstee gelooss well den Albert Levy krank war, hien ass 1940 gestuerwen. ( Kuckt d´Fotoen vum Hotel viru 1939 an d´Gebai vum fréieren Hotel vun haut )
D´Fanny ass de 16. Oktober 1941 mam éischten Juddendeportatiounszuch vu Letzebuerg aus an de Getto Litzmannstadt deportéiert ginn, hat huet de Getto net iwwerlieft, hat ass do ermuert ginn. Am selwechten Zuch waren och seng 3 Cousinen vu Konsdref d´Nussbaum Else, Helene a Franziska, et waren dat d´Tattaen vum Jules Nussbaum an sengem Papp Gustave seng Schwësteren. Allen 3 sinn och zu Litzmannstadt vun den Nazien ermuert ginn.
Ech schreiwen des Zeilen fir un d´Schicksal vun de jiddesche Familljen mat Konsdrefer Originnen ze erënneren, Verleeung vun de Stolpersteng zu Echternoach huet mer als Ureegung gedéngt.
Als Erënnerung un di jiddesch Familljememberen, déi e Bezuch hunn zu der Uertschaft Konsdref an am KZ ëmbruecht goufen, huet d´ Gemeng drop gehalen de Juddestär op dem Monument aux Morts aggravéiere ze loossen. Nimm vun dese Persounen an hiert Liewens- a Schicksalwee feelen leider hei nach, mä wat nach net ass kann jo awer nach an de nächste Jaren nogeholl ginn.