Schlassmaart zu Buurschent

Grousse Schlassmaart zu Buurschent mat villen Hobbykënschtler. Dëst Joer och fir t’éischt mat engem Maart vu lokalen a regionale Produkter am gotesche Keller vum Stolzebuerger Haus. D’Veräiner aus der Gemeng suergen fir Iessen a Gedrénks. Flotte musikalesche Programm a vill Animatioun fir d’Kanner mat de Basteltataen, der Nordstadjugend, dem Jonn Happi oder beim Facepainting. Profitéiert vun eise Navetten vu Buurschent a Méchela aus déi am Hallef-stonnentakt fueren oder kommt mam RGTR Bus Linn 135 vun Ettelbréck.
FRÄIEN ENTRÉE

Weitere Neuigkeiten von Schloss Bourscheid >